No 3 Woche sinn déi zwee Lëtzebuerger frou, zu Nice ukomm ze sinn. De Bob Jungels gëtt 37. an de Kevin Geniets 58.

Op der 8. an der 17. Etapp koum de Bob Jungels op déi 17. Plaz. No der Chute an dem Abandon vum Leader Primoz Roglic huet d'Ekipp Red Bull Bora-Hansgroe sech nees misse fannen. Am General gëtt de Bob Jungels um Enn de 37.
 
Jungels fiert 6. Tour op en Enn
 
D'Ekipp wier héich motivéiert un den Depart gaangen. No der Chutte vum Leader vun der Ekipp Primoz Roglic war déi fort. Um Enn hätt een dat Bescht gemaach.

De Bob Jungels: "Et war keen Tour de France vun den Echappéeën dëst Joer. A mir sinn do leider e bëssen ze kuerz komm a stinn elo am Endeffekt mat net ganz vill do. Mä ech muss soen, et ass, wéi gesot, d'Stëmmung, d'Stëmmung ass gutt. A mir sinn natierlech mat engem aneren Zil heihinner komm. Sou ass dat leider am Sport."
 
Hannert de Kulissen ass an de leschten Deeg vill driwwer spekuléiert ginn, dass de Bob Jungels 2024 bei Ineos Grenadiers e Kontrakt kritt. Eng Rumeur, déi sech an den nächsten Deeg kéint confirméieren.
 
Kevin Geniets 3 Joer hannereneen den Tour gefuer
 
De Lëtzebuerger Champion ass um Enn den 58. am General ginn, dat bescht Resultat ass hien op der 20. Etapp gefuer. No enger laanger Echappée ass hien um Enn den 19. vun der schwéierer Biergetapp ginn.

De Kevin Geniets: "Ech mengen engersäits ass et positiv mat den Echappéeën, wou ech probéiert hunn, a gëschter [Samschdeg] och wierklech e ganz positiven Dag, anerersäits feelt halt ee klengt Resultat, mee ech mengen dat ass dee Spirit, wou ech muss weiderhalen an dann hoffentlech kënnt e Resultat."
 
De Kevin Geniets fiert dëst Joer och nach d'Vuelta duerch Spuenien. Säi Kontrakt bei Groupama - FDJ leeft bis 2027.

D'Victoire beim Tour de France 2024 war iwwerdeems fir den Tadej Pogacar. De Sloween huet donieft och nach sechs Etappe wärend de leschten dräi Woche gewonnen.