
Am Virfeld vum Grousse Präis vun Aserbaidschan huet de Max Verstappen gesot, dass hien d'nächst Joer un de 24 Stonne Courssen um Nürburgring an zu Spa wëllt deelhuelen. Bedéngung: Wann eng gutt Preparatioun méiglech ass an et a säin Zäitplang passt. De véierfache Weltmeeschter huet nach eng Rechnung op mat der Nordschleife, op där en d'lescht Joer mat sengem eegenen Team, a Féierung, ausgefall war.
De Klassiker an den Ardennen wier eng "spannend Optioun", sou den Hollänner e Mëttwoch zu Baku. Den Organisateur SRO hat dem Verstappen versprach, dass d'24 Stonne vu Spa net op en F1-Weekend géinge falen, wat mam leschte Weekend am Juni och effektiv de Fall wäert sinn.
D'24 Stonne vu Le Mans géingen dogéint aktuell net op senger Lëscht stoen, sou de Verstappen, obwuel och op deem Weekend (12. - 13.6.27) keng Formel 1 wäert gefuer ginn. Den obligatoresche Vir-Test fir d'Course un der Sarthe ass awer fir de 6. Juni virgesinn a fält domat genee op de F1-Weekend zu Monte Carlo. Dowéinst ass net dovun auszegoen, dass d'nächst Joer zu Le Mans aktuell Formel-1-Piloten un den Depart wäerte goen.
Dem Max Verstappen gehéiert en eegent Team, dat mat aneren Topp-Adressen aus dem GT3-Sport zesummeschafft. Ob d'Ecurie d'nächst Joer weider e Mercedes-AMG GT3 wäert asetzen, ass nach net gewosst.
donieft