
En Dënschdeg ass offiziell annoncéiert ginn, dass d'Formel 1 an Zukunft erëm an Afrika wäert fueren. Wat awer nach feelt, ass e geneeën Datum. Am Communiqué heescht et just, dass e Grousse Präis déi éischte Kéier "an de fréieren 2030er Joren" soll gefuer ginn.
Wat och nach feelt, ass e Circuit. Am ëstlechen Distrikt Bugesera ass eng komplett nei Streck geplangt, déi awer nach gebaut muss ginn. Bei de Responsabele vun der Formel 1 geet een dovun aus, dass de Circuit, ronn 40 Kilometer vun der Haaptstad Kigali ewech, viraussiichtlech "Ufank vum nächste Joerzéngt" wäert fäerdeg sinn. Si soll sech harmonesch an d'Landschaft afügen. An de Projet involvéiert ass dem fréieren F1-Pilot Alexander Wurz seng Firma WurzDesign.
De President vum Ruanda Paul Kagame huet houfreg erkläert, den Dag géif Afrika gehéieren. No méi wéi dräi Joerzéngten ouni Formel 1 op hirem Kontinent géing dat sech mat dësem Accord elo änneren. De FIA-President Mohammed bin Sulayem huet vum engem historesche Moment fir de Sport geschwat. Fir de Formel-1-Boss Stefano Domenicali ass et e Meilesteen, duerch deen d'Kinneksklass rëm op alle bewunnte Kontinenter wäert vertruede sinn.
Déi leschte Kéier war d'Formel 1 1993 zu Gaascht an Afrika, wéi zu Kyalami de Grousse Präis vu Südafrika gefuer gi war.