
Lass geet et mat den Tester, déi tëscht dem 24. an dem 27. Februar am Bahrain wäerte gefuer ginn. Zwou Woche méi spéit wäert et do um Circuit och den Optakt vun der neier Saison sinn, inclus déi éischt Sprint-Course vum Joer. Direkt de Weekend drop steet Jeddah a Saudi-Arabien um Programm. Béid Datumer sinn awer vläicht mat Virsiicht ze genéissen, well net gewosst ass, wéi sech déi politesch Lag bis dohinner am Noen Osten entwéckelt wäert hunn.
Mat zwee Sprint-Weekender geet et weider op den zwee éischte Weekender am Abrëll, wann et op Melbourne an op Suzuka geet. Komplettéiert gëtt den éischten Triple-Header vum Joer dee Weekend drop mam Grousse Präis vu China zu Shanghai. Tëscht dem Grand Prix vu Miami an dem traditionelle Rendez-vous zu Montreal wäerten dräi Woche Paus sinn. A Kanada ass e weidere Sprint virgesinn.
Den Optakt vun de Courssen an Europa wäert Ufank Juni de Grousse Präis vu Monaco sinn. Nei an der Principautéit wäert eng Sprint-Course sinn. Portugal kënnt dann duerno zréck an den F1-Kalenner, mam Grand Prix zu Portimao. Weider iwwert den europäesche Kontinent geet et duerno zu Silverstone, Spielberg a Spa-Francorchamps, éiert nom Grousse Präis vun Ungarn d'Summerpaus usteet.
Ufank September ass d'Kinneksklass vum Motorsport zu Gaascht am Temple of Speed zu Monza, Sprint inclus, suivéiert vum zweeten Optrëtt um Madring zu Madrid. Deen nächsten Triple Header wäert den F1-Zirkus dann iwwer Baku op Istanbul féieren, fir de Comeback an der Tierkei, éier et eng Woch duerno duerch d'Stroosse vu Singapur wäert goen.
Um amerikanesche Kontinent sinn déi nächst dräi Courssen um Stéck ugesat, zu Austin, Mexiko City a Sao Paulo. Fir Interlagos ass e weidere Sprint virgesinn. Zwou Woche méi spéit geet et duerch d'Stroosse vu Las Vegas an déi lescht zwee Weekender vun der Formel 1 Saison 2027 sinn Ufank Dezember Qatar an Abu Dhabi virbehalen. Fir d'Spannung ze maximéieren, wäerten dat och zwee Sprint-Weekender sinn. Trotzdeem ass och bei dësen zwou leschte Coursse vum Joer nach net gewosst, ob se wäerte gefuer kënne ginn, wéinst der politescher Lag, déi aktuell nach net ofzegesinn ass.
D'Formel 1 wäert d'nächst Joer 10 Sprint-Weekender fueren, dorënner jeeweils eng éischte Kéier am Bahrain, an Australien, Japan, Monaco an Abu Dhabi. Erëm am Kalenner sinn de Grousse Präis vu Portugal zu Portimao an de Grand Prix vun der Tierkei zu Istanbul.