
Scho virun zwou Wochen hat den Isack Hadjar de Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort verpasst. Och de Grand Prix vun Italien wäert ouni de Fransous gefuer ginn. Wéi Red Bull um Mëttwoch matgedeelt huet, ass den Hadjar net mat Zäite fit ginn. Et wéilt ee keng Risiken agoe bei der Heelung vu sengem Handgelenk. Domat ass opgelooss ginn, wéini hien nees wäert an den Auto klammen.
De Liam Lawson kritt doduerch eng weider Chance, fir sech bei Red Bull un der Säit vum Max Verstappen ze beweisen. An Holland war den Amerikaner am Qualifying den Aachte gewiescht an an der Course op Plaz 7 gefuer.
Dem Lawson säin eigentleche Cockpit bei Racing Bulls gëtt an Italien nees vum Yuki Tsunoda besat. De Japaner hat als Ersatzpilot vu Red Bull deen Job schonn zu Zandvoort iwwerholl a war bei sengem Retour an d'Kinneksklass op Plaz 11 knapp laanscht d'Punkte gefuer.
Op RTL Zwee an RTL Play wäerte mir de ganze Formel 1 Weekend an Italien iwwerdroen. Och live vu Monza wäerte mir déi leschte Manche vum Porsche Supercup iwwerdroen, an deem de Lëtzebuerger Chester Kieffer gutt Chancen huet, fir Rookie-Champion ze ginn.