
De Formel-1-Weltmeeschter Lando Norris huet säi Kontrakt bei McLaren fréizäiteg verlängert a bleift op d'mannst bis Enn 2030 bei der brittescher Ecurie. Dat huet d'McLaren e Samschdeg matgedeelt.
De 26 Joer ale Britt war schonn 2017 an de Jugendprogramm vu McLaren komm an ass zënter 2019 fest an der Formel 1 fir d'Ekipp am Asaz. Mëttlerweil ass den Norris de Pilot mat de meeschte Grand-Prix-Participatioune fir McLaren. A senger Reaktioun huet den Norris betount, datt McLaren "säin Doheem" wier. Hien erënnert drun, datt säi grousst Zil ëmmer war, d'Ekipp zeréck un d'Spëtzt ze bréngen an Titelen ze gewannen. Dat wier gelongen, elo géif een awer nach méi Erfolleger ustriewen.
Mat der Verlängerung setzt McLaren op Stabilitéit. Och den zweete McLaren-Pilot Oscar Piastri steet nach laangfristeg ënner Kontrakt.
Den Teamchef Andrea Stella huet den Norris als eng Schlësselfigur am Opstig vun der Ekipp bezeechent. Nom Weltmeeschtertitel 2025 huet den Norris an de leschte Woche mat Victoiren an Ungarn an an Holland nees op sech opmierksam gemaach.
De Weekend vum 5./6. September geet et viru mat der Saison an der Formel 1. Norris a Co. sinn dann an Italien ënnerwee. Op RTL kënnt Dir wéi gewinnt vum Fräien Training, iwwer de Qualifying bis bei d'Course live mat dobäi sinn.