
An Holland ass et den zweetleschte Sprint-Weekend vun der Saison. Am éischten Deel vum Qualifying war zu Zandvoort Schluss fir déi zwee Aston-Martin-Pilote Fernando Alonso a Lance Stroll, bei deenen den Update vum Honda-Motor nach net vill bruecht huet. Och apake konnten déi zwee Cadillac-Piloten Valtteri Bottas a Sergio Perez, grad esou wéi de Carlos Sainz um Williams an e bëssen iwwerraschend den Haas-Pilot Oliver Bearman.
Nom SQ2 war Feierowend fir den zweete Williams-Pilot Alex Albon, den Esteban Ocon um aneren Haas an den Niko Hülkenberg um Audi. De Franco Colapinto, nach net ënnerwee mam neisten Alpine-Update, koum just op Plaz 13, hannert dem Yuki Tsunoda, deen an Holland säi Comeback feiert, als Ersatz fir de blesséierten Isack Hadjar. De Japaner ass an de Racing Bulls gesat ginn, an de Liam Lawson, deen op Plaz 11 gefuer ass, ass bei Red Bull eropgehuewe ginn.
Déi 10 séierste Piloten hunn dunn d'Pole Position ënnert sech ausgemaach. Ganz vir war um Enn den George Russell. De Mercedes-Pilot steet virum Weltmeeschter Lando Norris, deen domat e Samschdeg nieft sengem Landsmann aus der éischter Rei wäert starten. D'Plazen 3 a 4 ware fir de Charles Leclerc op Ferrari an den Oscar Piastri um zweete McLaren. Déi éischt Véier louche bannent enger Zéngtelsekonn. Just op déi fënneft Startplaz ass de WM-Leader Kimi Antonelli gefuer. Sechsten ass de Max Verstappen gi bei sengem Heemspill, virum Lewis Hamilton, dee sech um verbesserte Ferrari warscheinlech och méi ausgerechent hat. D'Top 10 gëtt komplettéiert vum Alpine-Pilot Pierre Gasly, dem Gabriel Bortoleto um beschten Audi an dem Arvid Lindblad um Racing Bulls.
De Sprint fir de virleefeg leschte Grousse Präis vun Holland wäert e Samschdeg um 12 Auer gefuer ginn. Um 11:55 Auer wäert eis Liveiwwerdroung ufänken.
Um 16 Auer fänkt de Qualifying un, Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg um 15 Auer. Do wäerte mir vun 14:20 Auer u live iwwerdroen.
Net vergiessen: dëse Weekend ginn am Porsche Supercup zwou Coursse gefuer. Eemol e Samschdeg um 18 Auer an dann och e Sonndeg um 11:45 Auer. Béid Manchen, mam Lëtzebuerger Chester Kieffer um Start, wäerte mir Iech och, genee wéi d'Formel 1, op RTL Zwee an op RTL Play weisen.