"Vow-les!"Williams setzt och 2027 op Albon a Sainz

Dominique Riefstahl
Trotz enger schwiereger Saison fueren Alex Albon a Carlos Sainz och 2027 fir Williams. Den Teamchef James Vowles muss gutt Argumenter gehat hunn.
Alex Albon a Carlos Sainz bleiwen och 2027 Teamkolleege bei Williams
Alex Albon a Carlos Sainz bleiwen och 2027 Teamkolleege bei Williams
© WAN MIKHAIL ROSLAN/NurPhoto via AFP

Williams setzt op Kontinuitéit. Souwuel den Alex Albon, wéi och de Carlos Sainz bleiwen der brittescher Traditiounsekipp iwwer 2026 eraus erhalen. Trotz enger schwiereger Saison gleewen déi zwee Piloten also weider un de Projet zu Grove. An do stellt sech eng Fro: Wéi huet den Teamchef James Vowles dat fäerdegbruecht? Oder besser gesot: Wat huet fir dee „Vow-les!“-Moment gesuergt?

Op d'mannst um Pabeier ass d'Entscheedung net selbstverständlech. Williams hat 2025 mat der fënnefter Plaz bei de Constructeuren e klore Schrëtt no vir gemaach. 2026 leeft et awer däitlech méi schwéier. D'Ekipp ass den Ament nëmmen Néngten an der Constructeurs-WM.

Trotzdeem setzt Williams och an Zukunft op déi selwecht Piloten-Koppel. Den Albon ass zanter 2022 zu Grove an huet rezent an Ungarn säin 100. Grand Prix fir Williams absolvéiert. Seng Verlängerung bis Enn 2027 ass e kloert Bekenntnis zum Projet vum Teamchef.

Och de Carlos Sainz setzt weider op Williams. De Spuenier war eréischt 2025 vu Ferrari bei déi brittesch Ekipp gewiesselt. Domat kann de Vowles weider op eng Kombinatioun setzen, déi net nëmme séier ass, mee och déi néideg Erfarung huet, fir eng Ekipp nees no vir ze bréngen.

Wéi huet den James Vowles si iwwerzeegt?

Genee do läit wuel dee spannendsten Deel vun der Geschicht. Well den Albon an de Sainz verlängeren net bei enger Ekipp, déi aktuell ëm Victoirë fiert. Si verlängere bei enger Ekipp, déi hinne versprécht, an Zukunft nees ëm Victoirë kënnen ze fueren.

Zanter datt den James Vowles 2023 d'Leedung iwwerholl huet, gëtt zu Grove massiv ëmgebaut. Nei Leit, modern Infrastruktur an eng méi laangfristeg technesch Strategie sollen aus Williams nees dat maachen, wat den Numm an der Formel 1 eigentlech versprécht: eng Spëtzenekipp. An deen Numm huet nach ëmmer Gewiicht.

Den James Vowles konnt seng Piloten iwwerzeegen, weider fir Williams ze fueren
Den James Vowles konnt seng Piloten iwwerzeegen, weider fir Williams ze fueren
© ANTONIN VINCENT/DPPI via AFP

Williams huet 114 Grand-Prix-Victoiren an der Formel 1 gefeiert. Déi lescht ass awer mëttlerweil méi wéi 14 Joer hier. Den 13. Mee 2012 hat de Pastor Maldonado de Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona gewonnen. Bis haut ass dat déi lescht Victoire vun der Ekipp.

Williams ass also keen Team, dat dovun dreemt, eng éischte Kéier un d'Spëtzt ze kommen. Et ass eng Ekipp, déi probéiert, dohin zeréck ze fannen an dat ass wuel d'Geschicht, déi de Vowles senge Pilote verkeeft.

Den Albon an de Sainz musse gleewen, datt déi aktuell Problemer just eng Etapp am Ëmbau sinn an net d'Limitt vum Projet. Si gesinn, wat hannert de Kulisse gebaut gëtt, wéi eng Leit dobäikommen a wou Williams an e puer Joer wëll stoen.

Den James Vowles huet hinnen also anscheinend genuch Grënn ginn, fir „wow“ ze soen. Elo muss aus dem "Vow-les-Effekt" just nach e "Williams-Effekt" op der Streck ginn.

Back to Top
CIM LOGO