
An der 2. Bundesliga huet den Aiman Dardari, dee vum FC Augsburg ausgeléint gouf, e Samschdeg säin Debut bei Greuther Fürth gefeiert. Zu Dresden gouf de Lëtzebuerger Stiermer beim Stand vun 0:2 an der 59. Minutt agewiesselt, konnt awer net dobäi hëllefen, de Réckstand bis zum Schluss awer nach eemol opzehuelen. Um Enn muss sech Fürth also mat 0:2 géint Dynamo Dresden geschloe ginn. De Mathias Olesen stoung net am Kader.
E Succès gouf et dogéint fir de Seid Korac an der zweeter italieenescher Liga. Fir den 20. Spilldag huet sech den FC Venedeg mat 3:1 géint d’US Catanzaro duerchgesat. De Lëtzebuerger Defenseur stoung dobäi an der Staarteelef a gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt. Duerch zwee spéit Goler konnt d’Lokalekipp vu Venedeg déi dräi Punkte bei sech halen a bleift domat weider ee Punkt hannert dem Leader Frosinone op der zweeter Tabelleplaz.
An der 1. Bundesliga war den Danel Sinani bei der 2:3-Defaite géint Dortmund wéinst Probleemer mat der Wued net am Kader. Och den Tiago Pereira war net mat Mönchengladbach op Hamburg gereest.
En erfollegräiche Freideg hat den Anthony Moris an der éischter Liga a Saudi-Arabien. Fir Al Khaleej gouf et doheem e klore 4:1-Succès géint Al Okhdood, dem Zweetleschten aus der Tabell. Al Khaleej steet no 15 Matcher op der 8. Plaz.
Och den SC Bastia huet sech nees wichteg dräi Punkten am Ofstigskampf geséchert. Um 19. Spilldag gouf et fir d’Ekipp vu Korsika eng 2:0-Victoire géint Stade Laval, bei där de Florian Bohnert de ganze Match gespillt huet. An der Tabell steet Bastia zwar weider op der leschter Plaz, huet duerch déi gutt Resultater aus de leschte Wochen awer nees richteg gutt Chancen op e Verbleif an der Ligue 2. Véier Punkte bedréit de Réckstand op d’Relegatiounsplaz, fënnef op déi sécher 15. Plaz.