E Samschdeg de Mëtteg war an der 1. däitscher Bundesliga d’Suite vum 18. Spilldag, nodeems et e Freideg ee spannenden 3:3-Remis tëscht Bremen a Frankfurt gouf.
Borussia Dortmund huet virun den eegene Spectateuren bal eng 2:0-Féierung verspillt, huet sech schlussendlech awer nach mat 3:2 géint St. Pauli duerchgesat. No éischte 45 Minutten op Aenhéicht war et kuerz virun der Paus de Julian Brandt, deen d’Haushären a Giel-Schwaarz duerch säi Gol mat enger Féierung an d’Paus schécke konnt. Duerch e gudde Start an déi zweet Hallschent ass dann nom Säitewiessel relativ fréi den 2:0 gefall. No engem Corner konnt den James Sands dann op 1:2 verkierzen an d’Partie domat nach eemol spannend maachen. Gutt 10 Minutte méi spéit sollt St. Pauli dann no engem Fräistouss dann tatsächlech den Ausgläich geléngen. Déi Dortmunder hunn awer net opginn an hu bis zum Schluss op e weidere Gol gedréckt. Dëse sollt dann duerch en Eelefmeter falen, deen et nom Asaz vum Videoarbitter an der leschter Minutt vun der Nospillzäit nach gi war. Den Emre Can huet hei d’Nerve vum Punkt behalen.
Duerch eng 1:0-Victoire géint Leverkusen spréngt Hoffenheim da virleefeg op déi drëtt Tabelleplaz. Fréi war d’Lokalekipp vu Sinsheim duerch e Gol vum Wouter Burger a Féierung gaangen. D’Werkself huet duerno d’Rudder an d’Hand geholl, krut sech domat awer keng Golchancen erausgespillt. An der zweeter Hallschent krut Hoffenheim seng knapp Féierung bis zum Schluss verdeedegt an hat selwer souguer nach déi eng oder aner Chance op e weidere Gol.
An de weidere Partië vum Samschdegmëtteg huet Köln mat 2:1 géint Mainz gewonnen, tëscht Hamburg a Gladbach ass et bei engem 0:0 bliwwen an och Wolfsburg an Heidenheim hu sech mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.