Am englesche Futtballchampionnat ass et e Samschdeg den nächste Réckschlag fir Manchester City ginn. Am Derby gouf et géint United nämlech eng 0:2-Defaite, duerch déi Arsenal un der Tabellespëtzt elo op néng Punkten dervu lafe kann. Donieft kann Aston Villa mat enger Victoire e Sonndeg op déi zweet Plaz sprangen. De véierte Remis hannertenee gouf et da fir Liverpool, dat trotz enger Féierung un der Anfield Road géint den Zweetleschten.
Nom batteren Out an der Coupe géint en Zweetligist wärend der Woch ass Real Madrid dann an der La Liga nees e Succès gelongen. Géint UD Levante hunn den Mbappé an den Asencio den Ënnerscheed gemaach.
Manchester United - Manchester City 2:0
1:0 Mbeumo (65'), 2:0 Dorgu (76')
Manchester United huet den Derby am Old Trafford fir sech entscheet. An der éischter Partie vum Trainer Carrick hunn d’Red Devils vun Ufank un eng gutt Leeschtung um Terrain gewisen. Si stoungen hannen disziplinéiert an hunn dann ëmmer nees duerch Konterattacken geféierlech Zeene gehat. Nëmmen ee Gol huet an deenen éischte 45 Minutte gefeelt. Dat sollt sech dann nom Säitewiessel änneren. Och hei waren d’Haushären nees déi besser Ekipp a sou war et de Bryan Mbuemo, deen an der 65. Minutt fir d’Féierung gesuergt huet. Déi dräi Punkte geséchert huet dann de Patrick Dorgu mat sengem Gol fir den 2:0 eng knapp véierel Stonn viru Schluss.
Chelsea - Brentford 2:0
1:0 Pedro (26'), 2:0 Palmer (76')
Liverpool - Burnley 1:1
1:0 Wirtz (42'), 1:1 Edwards (65')
Tottenham - West Ham 1:2
0:1 Summerville (15'), 1:1 Romero (64'), 1:2 Wilson (90+3')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Udinese - Inter Mailand 0:1
0:1 Martinez (22')
Neapel - Sassuolo (18.00 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Lens - Auxerre (17.00 Auer)
Toulouse - Nice (19.00 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Real Madrid - Levante 2:0
1:0 Mbappé (58'), 2:0 Asencio (65')
Real Madrid huet senge Supporter nees e Succès a Form vun dräi Punkte bruecht, nodeem een an der Coupe erausgeflu war an och de Supercup géint Barcelona verluer hat. D’Onsécherheet huet een de Kinneklechen an der éischter Hallschent awer däitlech ugesinn. Trotz méi Spillundeeler ass et keng richteg gutt Golchancë ginn, sou datt d’Spectateuren hir Ekipp mat engem Päif-Concert an d’Vestiairë geschéckt hunn. Nom Säitewiessel huet sech Real da weider beméit gewisen. D’Erléisung sollt et dann an der 58. Minutt duerch en Eelefmeter ginn, deen de Kylian Mbappé sécher eraschéisse konnt. Nëmme puer Minutte méi spéit huet de Raul Asencio fir den 2:0 an domat och scho fir eng kleng Virentscheedung gesuergt. Vu Levante war ni wierklech eng Gefor entstanen, sou datt déi dräi Punkten um Enn verdéngt zu Madrid bliwwe sinn.
Mallorca - Bilbao 3:2
1:0 Muriqi (5'), 1:1 Gomez (8'), 2:1 Muriqi (42'), 2:2 Williams (45'), 3:2 Muriqi (69')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga