
E Sonndeg war et am Kader vum 9. Spilldag an der BGL Ligue um Terrain zu Käerjeng zu Opreegunge komm. No der 1:4-Defaite vun der Jeunesse huet de Younes Mouadden d'Ofklappe mat weiblechen Escher Supporter verweigert. Dëse Gest huet net nëmmen um Terrain, ma och méi spéit op de soziale Medie fir eng Rei Diskussiounen a Kritik gesuergt.
Wéi d'Tageblatt nom Weekend geschriwwen huet, hätt sech d'Jeunesse op Facebook an engem Schreiwes, dat Stand Mëttwoch net méi ëffentlech ass, zum Virfall geäussert a betount, datt dem Spiller zu kengem Zäitpunkt de Respekt virun de weibleche Supporter gefeelt hätt. Vill méi wier d'Verweigere just op reliéis Grënn zréckzeféieren. Zwar soll de Mouadden säi Standpunkt schonn direkt nom Incident kloer gemaach an erkläert hunn, ma Aenzeien no soll de Spiller duerno an der Buvette weider domadder konfrontéiert gi sinn.
Och vun den Notzer op de soziale Medie soll et duerno Kritik a Richtung Veräin gi sinn, sou datt beispillsweis ënnert dem Bäitrag mam Resultat vum Match d'Kommentarfunktioun op Facebook ausgeschalt gouf.
E Mëttwoch den Owend huet d'Jeunesse Esch elo een neie Communiqué verëffentlecht. Doran ass ze liesen, datt de Veräin d'Lëtzebuerger Agence fir Intégritéit am Sport (ALIS) an un d'National Ethikkommissioun saiséiert hätt an datt een am direkte Kontakt mam Sportsministère a mat der FLF wier. Mam Spiller hätt een direkt e perséinlecht a sachlecht Gespréich gesicht. Op där anerer Säit gëtt awer gesot, datt dat wat um Terrain geschitt an och d'Veräinaarbecht net dierfen "eng Tribün fir digital Hetzcampagnë ginn".
An deenen nächsten Deeg géif een elo also op eng "neutral a a fondéiert Préiwung vun der Situatioun duerch déi offiziell Instanzen" ouni "emotional Social-Media-Debatten" setzen. Bis do Resultater virleien, géif ee sech net méi weider ëffentlech zum Virfall äusseren.