Futtball-ChampionnatKäerjeng mat sechster Victoire, Déifferdeng iwwerrennt Walfer

RTL Lëtzebuerg
Den Tabelleleader Stroossen setzt sech zu Wolz duerch a Munneref behaapt sech zu Rëmeleng. Hesper bleift weider ouni Punkt.
© Christophe Mersch

Käerjeng huet sech duerch dräi Goler an de leschten 10 Minutte mat 4:1 géint d'Jeunesse Esch behaapt. Den agewiesselte Maison huet dobäi zwee Goler geschoss. Den éischte Gol ass der Lokalekipp no enger Véierelstonn gelongen, duerno blouf et bis kuerz virun der Paus roueg viru béide Strofraim. Esch konnt am zweeten Duerchgang direkt ausgläichen, dat huet awer kee Schwong ginn. An de leschte Minutten huet de Rekordmeeschter ze vill einfach Feeler gemaach an esou dräi Goler kasséiert. Esch bleift domat ënnen an der Tabell, wärend Käerjeng sech an der ieweschter Hallschent aquartéiert.

Den Tabelleleader Stroossen huet sech beim 2:0 zu Wolz keng Bléisst ginn a bleift weider ongeschloen. De Verfollger Déifferdeng huet den Opsteiger Walfer mat 6:0 geklappt an eppes fir d'Goldifferenz gemaach. Och Munneref (2:1 géint Rëmeleng) an Nidderkuer (2:0 géint Hueschtert) hunn hir Matcher um 9. Spilldag gewonnen.

De Swift Hesper huet weiderhin nach keng Punkten um Kont stoen - eng Kéier wéinst der Strof, anerersäits, well si all hir Matcher bis elo verluer hunn. Och géint d'Victoria Rouspert gouf et eng 0:3-Néierlag.

Den Opsteiger Ettelbréck huet sech mat 1:3 dem F91 Diddeleng misse geschloe ginn, de Champion Biissen huet mam Racing 2:2 gedeelt.

Insgesamt si vill Goler op dësem Spilldag gefall: 29 Goler an aacht Matcher.


________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO