
E Sonndeg gouf et an der 1. Bundesliga eng 2:1-Victoire fir Leverkusen géint Freiburg. D'Ekipp aus dem Breisgau konnt seng Tabelleféierung domadder net verdeedegen a sou ass den FC Bayern nom 6. Spilldag den neie Leader.
An der Premier League ass Brighton d'Ekipp vun der Stonn. Um 7. Spilldag gouf et doheem eng souverän 5:0-Victoire géint Crystal Palace, wouduerch ee virleefeg op der 2. Tabelleplaz steet.
Fir Fiorentina geet d'Kris an der Serie A dogéint riicht weider. E Sonndeg gouf et doheem eng 1:3-Defaite géint Como, mat där ee weider mat véier Punkten no siwe Spilldeeg op enger Ofstigsplaz stoe bleift. Como dogéint bleift um Spëtzegrupp vun der Tabell drun.
Leverkusen - Freiburg 2:1
0:1 Scherhant (14'), 1:1 Maza (19'), 2:1 Schick (76')
Déi formstaark Freiburger hunn och zu Leverkusen vun Ufank u gewisen, datt si dëse Match gewanne wollten. No net mol enger véierel Stonn huet de Ball no engem gudden Zesummespill tëscht Treu a Beste de Wee bei den Derry Scherhant um zweete Potto fonnt, deen op 1:0 fir d'Gäscht aus dem Breisgau gestallt huet. Just fënnef Minutten drop hat d'Werkself dann awer direkt d'Äntwert a Form vum 1:1 duerch den Ibrahim Maza bruecht. Am weidere Spillverlaf war et een ausgeglachene Match, an deem sech hanne keen e Feeler erlaabt huet.
An der Schlussphas war Leverkusen dann awer déi Ekipp, déi liicht méi Drock op ee weidere Gol gemaach huet. Eng ronn véierel Stonn viru Schluss konnt de Schick dann och no enger staarker Virlag vum Maza op 2:1 setzen. Dat sollt trotz Freiburger Beméiungen um Enn duergoen, fir déi dräi Punkten doheem ze halen.
Gladbach - Hoffenheim (17:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Brighton - Crystal Palace 5:0
1:0 Canvot (4'), 2:0 Gomez (7'), 3:0 Ayari (10'), 4:0 Kostoulas (49'), 5:0 Hinshelwood (84')
Brighton weist sech weiderhin an enger exzellenter Form an huet Crystal Palace mat engem 5:0 iwwerrannt. Schonn no zéng Minutte louch d'Lokalekipp dobäi mat 3:0 a Féierung, dat no engem Selbstgol vum Jaydee Canvot an der 4. Minutt, dem 2:0 duerch den Diego Gomez an der 7. Minutt an den 3:0 duerch de Yasin Ayari an der 10. Spillminutt. Nom Säitewiessel hunn de Charalampos Kostulas an den Jack Hinshelwood mat zwee weidere Goler den Deckel drop gemaach a Brighton domat virleefeg op déi zweet Tabelleplaz geschoss, déi sech Arsenal den Owend nach zréckhuele kann.
Leeds - Manchester United 1:1
0:1 Mbeumo (35'), 1:1 Calvert-Lewin (51')
Nottingham - Arsenal (17:30 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Fiorentina - Como 3:1
0:1 Liberali (32'), 0:2 Paz (36'), 1:2 Pongracic (42'), 1:3 Douvikas (56')
Como huet sech zu Florenz dräi Punkte geséchert a bleift domat weider um Spëtzegrupp vun der Tabell drun. Fir Fiorentina dogéint geet d'Kris och nom 7. Spilldag mat just véier Punkten um eegene Kont weider. De Mattia Liberali hat Como e Sonndeg a Féierung bruecht a just véier Minutten duerno konnt den Nico Paz op 2:0 erhéijen. Zwar war der Lokalekipp nach virun der Paus de wichtegen 1:2-Uschlossgol gelongen, ma nom 3:1 vum Tassos Douvikas zimmlech direkt no der Paus war fir Fiorentina näischt méi ze maachen.
AC Mailand - Atalanta (18:00 Auer)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Angers - Marseille 2:5
1:0 Raolisoa (14'), 1:1 Abdelli (37'), 1:2 Kamissoko (43'), 1:3 Gouiri (60'), 2:3 El Ouazzani (75'), 2:4 Harit (83'), 2:5 Paixao (85')
Lorient - Monaco (17:15 Auer)
FC Paris - Rennes (17:15)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Osasuna - Santander 2:0
1:0 Budimir (9'), 2:0 Osambela (88')
Celta Vigo - Alaves 2:1
1:0 Jutgla (53'), 2:0 Rodriguez (71'), 2:1 Novoa (87')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga