
An der drëtter däitscher Liga huet Rostock mat 0:2 bei Alemannia Oochen de Kierzere gezunn. Oochen war fréi a Féierung gaangen a konnt nach virun der Paus den zweete Gol noleeën. Rostock war ab der 65. Minutt just nach zu Zéng um Terrain wéinst enger Rouder Kaart. De Florian Bohnert huet bei der Ekipp vun der Ostséi duerchgespillt, déi awer un den Opstigsplazen dru bleift.
Och fir Fortuna Düsseldorf gouf et um 10. Spilldag keen Erfolleg. Géint Saarbrécken huet sech d'Ekipp vum Miguel Gonçalves déi véiert Defaite an dëser Saison gefaangen a verléiert ëmmer méi den Uschloss un d'Opstigsplazen (Plaz 10), fir nees direkt an d'Zweet Bundesliga opzesteigen. Dobäi war Düsseldorf a Féierung gaangen, mee d'Saarlänner, déi elo op Plaz 4 stinn, konnten de Match dréien. De Miguel Gonçalves gouf an der 75. Minutt agewiesselt.
Eng weider 0:2-Néierlag gouf et fir Waldhof Mannheim zu Würzburg. Domat konnt mam Vincent Thill och den drëtte Lëtzebuerger an der drëtter däitscher Liga op dësem Spilldag net gewannen. Kuerz virun der Paus war Würzburg a Féierung gaangen, nom Säitewiessel war de Match laang oppen, well den zweete Gol eréischt an der 90. Minutt gefall ass. De Vincent Thill huet 90 Minutten duerchgespillt, sech awer och eng giel Kaart gefaangen. No engem gudde Saisonsstart fënnt sech Mannheim an der Mëtt vun der Tabell erëm.
No der Trennung vum Luc Holtz Enn September huet den FC Metz déi éischt Victoire ënner dem neien Trainer Proment gefeiert. Um 9. Spilldag vun der Ligue 2 hunn d'Grenats doheem 3:2 géint Sochaux gewonnen a sprangen an der Tabell laanscht de Konkurrent aus der Géigend vu Belfort a Montbéliard.
Beveren, de Veräi vum blesséierten Nationalspiller Laurent Jans, ass an der belscher Coupe eng Ronn weider. Den Opsteiger huet sech e Freideg den Owend mat 3:0 géint Habbay La Neuve duerchgesat. Et war d'1/16-Finall an deemno steet Beveren elo an der Aachtelsfinall.
An der italieenescher Serie B huet Hellas Verona wärenddeem 2:2 géint Catanzaro gespillt. Dat ouni de Seid Korac, deen net am Kader fir dëse Match stoung. Duerch dëst Gläichspill verléiert Verona weider den Uschloss un d'Opstigsplaze fir an d'Serie A.