
Nodeems en Dënschdegowend déi éischt néng Matcher vum zweete Spilldag an der Champions League gespillt goufen, stoung e Mëttwochowend d'Suite um Programm. PSG gewënnt no engem furiose Start 4:2 géint ManCity, Liverpool setzt sech 6:3 beim LASK duerch an Dortmund verléiert iwwerraschend verdéngt bei Bodö/Glimt.
Manchester City - PSG 2:4
0:1 Doué (13'), 0:2 Dembélé (15'), 0:3 Vitinha (32'), 1:3 Haaland (53'), 1:4 Akliouche (62'), 2:4 Haaland (75')
Am Spëtzematch hat Manchester City den Titelverdeedeger PSG op Besuch a gouf do richteg kal erwëscht, well et schonn no enger Véierelstonn 0:2 stoung. Den Desiré Doué an den Ousmane Dembélé hunn zwee excellent ausgespillten Ugrëffer mat propperen Ofschlëss gekréint an hirem fréiere Matspiller Gianluigi Donnarumma am Gol keng Chance gelooss. Och dem Vitinha säi Gol zum 3:0 war astudéiert a perfekt exekutéiert. Bis op zwou ëmstridden Aktiounen am PSG-Strofraum, wou ManCity a béide Fäll gären een Eelefmeter gehat hätt, hunn si bis dohin net an de Match fonnt. Réischt kuerz virun der Paus ass d'Lokalekipp zu zwee geféierlechen Ofschlëss komm, allerdéngs ouni de Score kënnen ze verkierzen.
Nom Säitewiessel war ManCity déi besser Ekipp an huet direkt mat engem Gol vum Erling Haaland zréck an de Match fonnt. Zéng Minutten drop kasséiere si awer eng äiskal Dusch, well de Maghnes Akliouche den Donnarumma mat engem Distanzschoss zu engem Golkippsfeeler zwéngt. Zwar huet den Erling Haaland eng Véierelstonn viru Schluss nach eng zweete Kéier markéiert, PSG huet ManCity an der Schlussphas dann awer dank dem Matvei Safonov am Gol net méi entscheedend erukomme gelooss an a Persoun vum Ferran Torres souguer een Eelefmeter verschoss.
Bodö/Glimt - Borussia Dortmund 1:0
1:0 Sjövold (52')
Betis Sevilla - FC Porto 3:2
1:0 Abde (47'), 1:1 Veiga (54'), 1:2 Samu (61'), 2:2 Hernandez (74'), 3:2 Isco (84')
Änlech wéi Bayern um Virowend hat och Dortmund grouss Schwieregkeeten a Norwegen. Zwar konnt sech de BVB nach mat engem 0:0 géint Bodö/Glimt an d'Paus retten, nom Säitewiessel hunn déi sech awer fir hiren Opwand belount an sinn duerch ee Gol vum Frederik Sjövold mat 1:0 a Féierung gaangen. Well vun Dortmund keng entscheedend Léisunge kommen verléiert d'Ekipp vum Trainer Niko Kovac ënnert dem Strësch verdéngt géint Bodö/Glimt.
Zu Sevilla kruten d'Spectateuren bei der 3:2-Victoire vum Betis géint Porto zwou ganz ënnerschiddlech Hallschente gebueden. An den éischte 45 Minutten si keng Goler gefall, nom Téi huet et dogéint keng zwou Minutte gedauert, bis den Abde d'Lokalekipp a Féierung bruecht huet. Doropshin huet Porto de Match ënnerhalb vu siwe Minutte gedréint, éier de Betis ënner anerem duerch een Eelefmeter vum Isco awer nach déi dräi Punkten am eegene Stadion behale konnt.
AS Roum - Real Madrid 3:4
1:0 de Roon (20'), 1:1 Mbappé (25'), 2:1 Malen (51'), 3:1 Malen (57'), 3:2 Espi (83'), 3:3 Endrick (85'), 3:4 Rüdiger (90')
Aston Villa - Fenerbahce 6:0
1:0 Manzambi (12'), 2:0 Jackson (31'), 3:0 Jackson (39'), 4:0 Barkley (68'), 5:0 Barkley (72'), 6:0 Abraham (90')
Am Olimpico zu Roum verléiert d'Roma ganz batter 4:3 géint Real Madrid. D'Lokalekipp huet vun Ufank u Vollgas ginn a sech no zwou verpassten décke Golchancen an den éischte Minutten den 1:0 vum Marten de Roon an der 20. Minutt verdéngt. De Real konnt fënnef Minutten drop allerdéngs duerch een Dramgol aus 25 Meter vum Kylian Mbappé aus dem Näischt ausgläichen. An der zweeter Hallschent war d'Roma weiderhin dominant a konnt duerch een Doublé vum Donyell Malen nach virun der Stonn op 3:1 stellen, éier d'Gäscht vu Madrid duerch eng furios Schlussphas awer nach déi dräi Punkte mathuelen.
Am Villa Park krut et Aston Villa mat Fenerbahce ze dinn an huet dobäi fréi fir kloer Verhältnesser gesuergt. Duerch ee Gol vum Johan Manzambi an een Doublé vum Nicolas Jackson stoung et zur Paus schonn 3:0 fir d'Lokalekipp. An der zweeter Hallschent huet ënner anerem de Ross Barkley nach zwee weider Goler fir d'Englänner nogeluecht, déi sech domat déi zweete Victoire am zweete Match séchere konnten. Fenerbahce hätt um Enn och deen een oder anere Gol verdéngt gehat, huet awer ze vill gutt Chance leie gelooss.
Schachtar Donezk - AEK Athen 3:1
0:1 Majer (28'), 1:1 Pedrinho (34'), 2:1 Brignoli (SG, 80'), 3:1 Mendoza (86')
Slovan Bratislava - VfB Stuttgart 0:3
0:1 Undav (29'), 0:2 Cruz (SG, 65'), 0:3 Demirovic (90')
Zu London gewënnt Schachtar Donezk um Enn souverän mat 3:1 géint AEK Athen. Zwar konnten d'Gäscht no enger knapper hallwer Stonn duerch de Lovro Majer a Féierung goen, Donezk ass allerdéngs kuerz drop zum Ausgläich komm an huet de Match schlussendlech an de leschten zéng Minutt gedréint fir weiderhin ongeschloen ze bleiwen an der Champions League.
Zu Bratislava krut et Slovan mam VfB Stuttgart ze dinn. D'Gäscht aus Däitschland hu vun Ufank un den Toun uginn a sech vill Schëss op de Gol erausgespillt, konnten an den éischte 45 Minutten awer just eng Kéier zouschloen, dat a Persoun vum Deniz Undav. An den zweete 45 Minutten huet Stuttgart ënner anerem vun engem Eegegol vum Sandro Cruz profitéiert, fir d'Féierung géint eng iwwer wäit Strecken harmlos Ekipp vu Bratislava iwwer d'Zäit ze bréngen an elo bei sechs Punkten aus zwee Matcher ze stoen.
Feyenoord - Como 3:2
0:1 Diao (18'), 1:1 Zechiel (20'), 2:1 Moussa (52'), 3:1 Sanchez (SG, 81'), 3:2 Douvikas (90'+3)
LASK - Liverpool 3:6
0:1 Araujo (22'), 0:2 Barcola (24'), 0:3 Barcola (37'), 0:4 Frimpong (51'), 1:4 Ljubicic (63'), 1:5 Barcola (66'), 1:6 Koumas (72'), 2:6 Flecker (74'), 3:6 Flecker (77')
Feyenoord sammelt virun iwwer 43.000 Spectateuren am De Kuip déi éischte Punkten an der Champions League fir dës Saison. D'Gäscht vu Como, déi um éischte Spilldag 4:1 géint Leipzig gewanne konnten, hunn och haut dee bessere Start an de Match erwëscht a sinn an der 18. Minutt duerch ee Gol vum Assane Diao a Féierung gaangen. D'Reaktioun vun der Lokalekipp huet awer just zwou Minutten op sech waarde gelooss, well de Gjivai Zechiel déi richteg Äntwert parat hat. An den zweete 45 Minutten hat Feyenoord de Match dunn am Grëff, konnt kuerz no der Paus op 3:2 stellen an 10 Minutte viru Schluss vun engem Selbstgol vum Golkipp vu Como profitéieren, fir op 3:1 ze stellen. Dem Tassos Douvikas säin 3:2 an der Nospillzäit koum deemno ze spéit.
Déi meeschte Goler kruten d'Spectateuren e Mëttwochowend zu Linz gebueden, wou Liverpool mat 6:3 géint den LASK gewanne konnt. An der Paus louchen d'Gäscht scho mat 3:0 a Féierung a konnte kuerz nom Säitewiessel souguer op 4:0 erhéijen, éier d'Lokalekipp déi éischte Kéier zougeschloen huet. Spannung ass allerdéngs keng opkomm, well d'Englänner relativ séier zwee weider Goler nogeluecht hunn. Besonnesch ervirhiewe kann een de Bradley Barcola an de Jeremie Frimpong, déi allebéid un dräi Goler direkt bedeelegt waren. Fir Linz konnt den agewiesselte Florian Flecker mat engem Doublé de Score nach eng Kéier verkierzen an domat de Schlusspunkt vun dësem Golfestival setzen.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.