
E Sonndeg den Owend huet sech de Senegal an enger héchst dramatescher an eenzegaarteger Finall vum Afrika-Cup mat 1:0 géint Marokko duerchgesat. No enger intensiver éischter Hallschent ouni Goler war déi zweet Hallschent da méi zéi a vu villen Ënnerbriechunge begleet. No zwou héchst ëmstriddenen Decisioune vum Arbitter géint de Senegal krut Marokko dann an der Nospillzäit nach en Eelefmeter zougesprach, duerch deen déi senegalesesch Ekipp kuerzzäiteg aus Protest den Terrain verlooss huet. No enger Ënnerbriechung vu gutt 15 Minutten huet de Brahim Diaz den Eelefmeter dann endlech ausgefouert, ma dëse wollt hie lässeg mat engem Lopp an d’Mëtt schéissen, wat awer no hanne lassgaangen ass. De Golkipp huet de Ball gehalen an et ass an d’Verlängerung gaangen. Do huet e schéine Gol vum Pape Gueye d’Decisioun an um Enn den zweeten Afrika-Cup-Titel fir Senegal bruecht.
Am ausverkaafte Prince Moulay Abdellah Stadion zu Rabat waren d’Gemidder ufanks nach all roueg a béid Ekippen hu sech an der Ufanksphas op Aenhéicht gewisen. Marokko hat zwar méi de Ball, ma déi besser Golchancen hat awer de Senegal, deen ëmmer nees mat vereenzelten Aktioune geféierlech virun de Gol komm ass. D’Marokkaner konnten dem staarke Golkipp Bono Merci soen, datt et zur Paus nach 0:0 stoung. Eng intensiv éischt Hallschent ass no 45 Minutten also ouni Goler op en Enn gaangen.
Am zweeten Duerchgang huet sech um Terrain en änlecht Bild gewisen. Et war weider en oppene Match mat Chancen op béide Säiten, déi am Verlaf awer ëmmer méi seele gi sinn. Ëmmer méi huet sech de Match an d’Mëttelfeld verlagert an de Spillfloss gouf duerch Feeler méi dacks ënnerbrach. Am Gol war de Ball dann no engem Corner vu Senegal, ma den Arbitter hat wéinst engem Zweekampf, bei deem den Achraf Hakimi liicht op de Buedem gefall war, schonn éischter ofgepaff, sou datt d’Aktioun och net méi vum Videoarbitter konnt iwwerpréift ginn. E puer Minutte méi spéit ass dann op där anerer Säit de marokkanesche Stiermer am Strofraum gefall. Hei huet de Videoarbitter agegraff an nom Ukucke vun de Biller huet den Arbitter op Eelefmeter entscheet, wat eng weider zweiwelhaft Decisioun war. Déi ganz Ekipp vum Senegal huet doropshi staark protestéiert an huet dann als Ekipp deels den Terrain verlooss. No villen Diskussiounen, déi gutt 15 Minutte gedauert hunn, ass den Eelefmeter dann awer nach an der 112. Minutt vun der regulärer Spillzäit ausgefouert ginn. De Brahim Diaz wollt et mat engem Lopp an d’Mëtt probéieren, wat de Golkipp awer gericht an de Ball labber opgefaangen huet. Déi ganz Opreegung war also quasi fir näischt an et ass weider an d’Verlängerung gaangen.
Do huet et dann net laang gedauert, bis dem Senegal dann tatsächlech de Féierungsgol gelongen ass. An der 94. Minutt war et de Pape Gueye, deen eng staark Konterattack no engem Ballgewënn mat engem onhaltbare Schoss an de Wénkel ofgeschloss huet. D’Stëmmung war souwuel op den Tribünen, wéi och um Terrain immens hëtzeg. Marokko huet elo alles dru gesat, fir nach den Ausgläich ze markéieren. Obwuel si heiansdo no dru waren, hate si dobäi kee Succès a sou et no 120 Minutten beim 1:0 fir Senegal bliwwen.
Marokko hat sech an der Gruppephas nëmmen ee méi klengen Ausrutscher bei engem 1:1 géint Mali erlaabt, konnt sech awer duerch eng 3:0-Victoire géint Sambia an en 2:0 géint d’Komoren sécher eng Plaz fir d’K.O.-Phas sécheren. Do ass et no engem 1:0-Succès géint Tansania an de 1/4-Finalle géint de Kamerun gaangen, deen ee mat 2:0 klappe konnt. An der 1/2-Finalle war d’Decisioun dann no engem 0:0 am Eelefmeterschéisse gefall, wou de Youssef En-Nesyri den decisiven Eelefmeter erageschoss huet. Mat just engem eenzege Géigegol am ganzen Turnéier war et fir Marokko also an d’Finall gaangen.
Änlech huet de Wee bis an d’Finall och fir de Senegal ausgesinn. Nieft zwou 3:0-Victoirë géint Botswana an de Benin gouf et an der Gruppephas een 1:1-Remis géint d’DR Kongo. An den 1/8-Finallen konnt een dann trotz engem fréie Géigegol nach de Match géint de Sudan dréinen an duerch en 3:1-Succès sech fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Do huet dann d’Ekipp Mali gewaart, déi ee mat enger Hallschent an Iwwerzuel mat 1:0 klappe konnt. An der 1/2-Finall huet den decisive Gol vum Sadio Mané géint Ägypten dann d’Diere fir d’Finall opgemaach.