Den Iwwerbléck vum internationale FuttballUnion hëlt e Punkt aus Stuttgart mat, Wolverhampton zanter véier Spilldeeg ongeschloen

Jeff Birsens
D'Schlussliicht aus der Premier League huet sech en 0:0 géint Newcastle erkämpft an ass doduerch elo zanter véier Matcher am Championnat ouni Defaite. A Frankräich ass et fir den FC Metz zu Stroossbuerg net fir ee Punkt duergaangen.
Union Berlin's South Korean midfielder #11 Jeong Woo-yeong (R) reacts with his teammates after scoring the 1-1 goal during the German first division Bundesliga football match between VfB Stuttgart and Union Berlin in Stuttgart, southern Germany, on January 18, 2026. (Photo by THOMAS KIENZLE / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
Union Berlin’s South Korean midfielder #11 Jeong Woo-yeong (R) reacts with his teammates after scoring the 1-1 goal during the German first division Bundesliga football match between VfB Stuttgart and Union Berlin in Stuttgart, southern Germany, on January 18, 2026. (Photo by THOMAS KIENZLE / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© AFP

E Sonndeg ass de Ball nees an enger Rei internationale Futtballchampionnater gerullt. An der däitscher Bundesliga hu sech Stuttgart an Union Berlin d’Punkte gedeelt, an England ass den Tabelleleschte Wolverhampton no engem Remis géint Newcastle elo schonn zanter fënnef Matcher ongeschloen an a Frankräich huet sech Stroossbuerg mat 2:1 géint den FC Metz duerchgesat.

A Portugal huet de Leandro Barreiro e Samschdeg den Owend ee Gol geschoss a gouf dobäi zum Spiller vum Match ernannt.

Bundesliga

Stuttgart - Union Berlin 1:1
1:0 Führich (59'), 1:1 Jeong (83')

No enger relativ ausgeglachener an animéierter éischter Hallschent konnt d’Lokalekipp no enger knapper Stonn duerch e Gol vum Chris Führich a Féierung goen. Mam 1:0 am Réck huet sech Stuttgart dann e Stéck méi zréckgezunn, wat Union awer op laang Siicht net dru gehënnert huet, nach den Ausgläich ze schéissen. An der 83. Minutt war et dann ausgerechent de fréiere Stuttgarter Woo-Yeong Jeong, dee vill Plaz an Zäit hat, de Ball no enger Pass iwwert d’Linn ze drécken. Um Enn sollt et bei engem gerechte Remis bleiwen, duerch deen d’Haushären an der Tabell Hoffenheim laanscht sech op déi drëtt Plaz zéie loossen.

Augsburg - Freiburg (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Wolverhampton - Newcastle 0:0

D’Schlussliicht vun der Premier League huet sech doheem e Punkt géint Newcastle erkämpft an ass domat elo schonn zanter fënnef Matcher ongeschloen. D’Gäscht aus Newcastle waren zwar déi liicht besser Ekipp um Terrain, ma géint eng kompakt Defense hat d’Offensiv keng Léisung fonnt. Duerch de Remis rutscht een am enken Tabellemëttelfeld op déi 8. Plaz erof.

Aston Villa - Everton (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Bologna - Florenz 1:2
0:1 Mandragora (19'), 0:2 Piccoli (45'), 1:2 Fabbian (88')

FC Turin - AS Roum (18.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Stroossbuerg - Metz 2:1
1:0 Moreira (12'), 1:1 Hein (24'), 2:1 Godo (43')

Um 18. Spilldag huet sech Stroossbuerg mat 2:1 géint den FC Metz duerchgesat a bleift domat weider un den internationale Plazen drun. Nom fréie Féierungsgol an der 12. Minutt war Metz weider 12 Minutten drop den Ausgläichsgol gelongen. De Martial Godo sollt kuerz virun der Paus dann awer den zweete Gol fir seng Ekipp markéieren, op deen d’Gäscht am zweeten Duerchgang keng Reaktioun méi weise konnten. Metz belift domat weider op der leschter Tabelleplaz stoen.

Rennes - Le Havre (17.15 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Getafe - Valencia 0:1
0:1 Gaya (84')

Atlético Madrid - Alaves 1:0
1:0 Sörloth (48')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO