
De Sofiane Ikene gouf vun der FLF fir de Lännermatch an Estland nonominéiert. Domat reagéieren d‘Rout Léiwen op den Out vum Kapitän Laurent Jans. De Rekordnationalspiller wäert mat Sécherheet e Samschdeg ausfalen, wéi schlëmm d‘Blessur awer genee ass, weess een eréischt no weideren Tester.
Lëtzebuerg spillt e Samschdeg um 18 Auer an Estland an nächsten Dënschdeg um 20:45 Auer heiheem géint Bulgarien. Béid Partië kennt dir, wéi gewinnt, op RTL an RTL.lu kucken respektiv um Radio lauschteren.