Handball-WMAn der éischter Finall fir Däitschland zanter 1993 heescht de Géigner Norwegen

Yannick Glod
Däitschland huet Frankräich mat enger souveräner Leeschtung geklappt. Fir Holland ass den Dram vun der Finall doheem geplatzt.
TOPSHOT - Germany's players celebrate their victory and progressing to the final at the end of the IHF Women's Handball World Championship semi final match between France and Germany in Rotterdam Ahoy Arena, in Rotterdam, on December 12, 2025. (Photo by JOHN THYS / AFP)
© Photo by JOHN THYS / AFP

Mat enger staarker Ekippeleeschtung huet e Freideg den Owend Däitschland den Titelverdeedeger Frankräich mat 29:23 an der Halleffinall vun der Handball-WM eliminéiert. Fir d’Ekipp vum Trainer Markus Gaugisch ass et déi éischt WM-Finall zanter 1993, fir Frankräich ass et déi éischt Néierlag an enger Halleffinall iwwerhaapt. Bis elo hat d’Equipe Tricolore bei enger Weltmeeschterschaft siwe Mol an enger Halleffinall gestanen a war ëmmer als Gewënner vum Terrain gaangen.

Däitschland hat e staarke Start higeluecht, éier Frankräich opschléissen an de Match u sech rappe konnt. Dovun hu sech déi Däitsch awer net ënnerkréie gelooss an hunn hire Spillplang duerchgezunn. Virun allem d’Defense war d’Réckgrat vun den Adlerinnen an esou konnt sech Däitschland bis zur Paus 15:12 ofsetzen. Och am zweeten Duerchgang krut Frankräich de Réckstand net ënner 3 Goler gedréckt. Déi zweet Néierlag fir Les Bleues bei dëser Weltmeeschterschaft war zimmlech fréi ofzegesinn. Si spillen e Sonndeg am Spill ëm Plaz 3 géint Holland. Däitschland huet déi éischt Medail zënter 2007 scho sécher a ka souguer den éischte WM-Titel zënter 1993 gewannen. Et war och déi éischt Victoire géint Frankräich an enger Kompetitioun zënter 2005.

An der zweeter Halleffinall huet Norwegen Holland deklasséiert. An der insgesamt 15. Halleffinall fir d’Skandinavierinne bei enger Weltmeeschterschaft stoung et no 60 Minutte 35:25. Groussen Undeel dorun hat d’Henny Reistad. D’Welthandballerin huet am éischten Duerchgang 7 vun hiren insgesamt 10 Goler markéiert.

Norwegen konnt sech vun der Mëtt vun der éischter Hallschent u méi kloer ofsetzen a louch an der Paus 18:14 vir. Holland koum net zu sengem geféierleche séiere Spill aus de vergaangene Matcher an an der Defense krut een d’Reistad net an de Grëff. Am zweeten Duerchgang hat Oranje kuerz de Momentum op senger Säit, mee d‘Norweegerinnen hunn de Match mat hirer Erfarung op en Enn gespillt. De Score ass deementspriechend héich ausgefall. Fir Norwegen ass et déi 10. Participatioun un enger Finall bei enger Weltmeeschterschaft.

Back to Top
CIM LOGO