
An do huet sech d'Red Boys um Enn mat 34:31 géint Bierchem duerchgesat.
Déifferdeng war nom Spillofbroch vum HBD géint Esch um leschte Spilldag neien Tabelleleader. Béid Ekippen hu virum Upaff u béid blesséiert Spiller vum HB Esch geduecht.
De Schwong vun der Tabelleféierung konnt d'Heemekipp awer net mat an d'Partie huelen. D'Gäscht, déi dës Saison net richteg hiren Tratt fannen an ëmmer nees mat blesséierte Spiller (ë.a. Ben Weyer mat engem Rass un de Kräizbänner) ze kämpfen hunn, hunn eng gutt Leeschtung gewisen a waren an der Paus 18:14 vir. Nom Säitewiessel war d'Heemekipp besser am Spill a war an der 38. Minutt beim 20:20 nees u Bierchem drun. D'Gäscht konnten nees op e puer Punkte fortzéien, an der 52. Minutt war et beim 29:29 awer nees ausgeglach. An de spannende leschte Minutten goung et hin an hir an et war de Jarrar am Gol vun der Heemekipp (11 Paraden an der 2. Hallschent), deen dofir gesuergt huet, datt Bierchem just nach zwee Goler markéiere konnt. Déifferdeng sinn der nach 5 gelongen, esou datt ee sech um Enn duerchsetze konnt. Duerch dëse Succès kann Déifferdeng Bierchem op 4 Punkten an der Tabell distanzéieren.
Um Freideg hat Käerjeng 42:33 géint Rëmeleng gewonnen. Käerjeng huet sech domat seng Plaz am Playoff och punkteméisseg definitiv geséchert a kann an de leschte véier Matcher net méi vun Dikrech oder Rëmeleng ageholl ginn.
D'Partien Dikrech géint Diddeleng a Standard géint Esch ginn eréischt den 3. Dezember gespillt. Dës Matcher ware souwisou fir deen Zäitraum virgesinn, domat huet dat näischt mat dem schrecklechen Accident vun den Escher Tom Krier an Ermin Muric lescht Woch zu Diddeleng ze dinn.
Um Samschdeg war donieft och den Tirage vun de Véierelsfinallen an der Coupe bei den Dammen an den Hären. An do muss ë.a. Bierchem nees zu Déifferdeng untrieden.