
E Samschdeg war den Optakt fir déi lescht Matcher an der regulärer Saison, éier et ab Enn Februar fir sechs Ekippen am Titel-Playoff a fir zwou Ekippen an der Relegatioun weidergeet. Virun enger Woch hat sech Déifferdeng mat der Victoire géint Rëmeleng eng Avance vu véier Punkten op d’Verfollger Diddeleng a Bierchem erspillt. Déi hunn awer nach e Match nozehuelen, wäerte sech den 28. Januar awer am direkten Duell géigesäiteg Punkten ofhuelen.
Um 12. Spilldag housch de Spëtzematch Esch géint Bierchem. Vun der Qualitéit hier war et keen héichklassege Match a spannend war et 40 Minutte laang net, mee an der Schlussphas hat Bierchem de längeren Otem a konnt aus engem 6-Goler-Réckstand um Enn en 29:26 maachen. Béid Ekippe si mat ville Blesséierte geplot.
An der Partie tëscht dem Tabellevéierten an dem Tabellendrëtten hat Esch de bessere Start. No 11 Minutte stoung et 10:4 fir déi Schwaarz-Wäiss, 5 Goler dovu goungen op de Kont vum Bob Kirsch. Esch konnt den Tempo bis an d'15. Minutt héich halen, ass duerno awer an e Lach gefall a konnt bis an d’Paus just nach 3 Goler dropleeën. Bierchem huet am éischten Duerchgang gewierkt, wéi wa si nach am Wanterschlof wieren. D’Kierpersprooch war net present an am Ugrëff huet ee sech vill Feeler erlaabt. Ausserdeem haten d’Escher de Raphael Guden gutt am Grëff.
Nom Säitewiessel (15:9 fir Esch) sinn d’Réiserbänner awer lues a lues an de Match komm a konnten op hire Golkipp Kell Meyers zielen, dee mat enger Rëtsch Arrêten dozou bäigedroen huet, dass d’Gäscht an der 45. Minutt gläichzéie konnten (19:19). Och de Raphael Guden konnt endlech Akzenter setzen. Esch krut sech duerno nees e bësse gefaangen, mee krut den Tempo aus den éischte 15 Minutten net méi op den Terrain. Der Ekipp vum Rajko Milosevic sinn am zweeten Duerchgang just 11 Goler gelongen. Nom Gläichstand hat Bierchem de Momentum op senger Säit a konnt zwee wichteg Punkten am Kampf ëm den Titel asäckelen.
Am ënneschten Tablo war de Match Rëmeleng géint Käerjeng vu grousser Wichtegkeet. No dësem Match steet fest, dass Rëmeleng ab Februar an der Relegatioun untriede wäert. Käerjeng huet nämlech 31:28 gewonnen a spréngt domat laanscht Dikrech op Plaz 6.
Et war de Match tëscht den zwou schlechtsten Defensen am Championnat: Rëmeleng hat virum Match 409 Géigegoler kasséiert, Käerjeng der 343. An och an dësem Match hu béid Defensen net gutt ausgesinn. De Match war am éischten Duerchgang zimmlech ausgeglach, mat Virdeeler fir d’Minettsdäpp (16:13). Ab der 40. Minutt krut Käerjeng dunn awer d’Iwwerhand a konnt seng eréischt zweet Victoire an dëser Saison feieren. Béid gouf et géint Rëmeleng. Den Amer Karamehmedovic war mat 8 Goler beschte Buteur bei de Gäscht, Rëmeleng sinn déi 9 Goler vum David Pfiffer net duergaangen.
Den HB Diddeleng huet dem HC Standard beim 40:31 keng Chance op eng Iwwerraschung gelooss. D’Gäscht aus der Stad konnten de Réckstand bis an d'50. Minutt bei maximal 5 Goler halen, mee an der Schlussphas huet sech déi méi breet Bänk vum HBD gewisen. Bis op den 0:1 louch Diddeleng de ganze Match iwwer vir. De beschte Buteur vum Match koum awer aus de Reie vum Standard. De Milasin Trivic konnt 11 Goler markéieren, den Itua Etute der 9 fir d’Fiiss.
Den amtéierende Champion an Tabelleleader Red Boys Déifferdeng trëtt e Sonndeg beim Chev Dikrech un. Déifferdeng huet no eelef Spilldeeg nach kee Match verluer (9 Victoiren, 2 Gläichspiller). Dikrech hat virum Spilldag als 6. déi bescht Ausgangspositioun am Kampf ëm déi lescht Plaz am Titel-Playoff. Mee och d’Ekipp aus der Ieselsstad huet nach en direkten Duell mat Käerjeng virun der Broscht (5. Februar).
Am Damme-Playoff geet et bis Enn Mäerz drëms, op déi éischt oder zweet Plaz ze kommen, fir sech direkt fir d’Halleffinallen ze qualifizéieren. Den Drëtten an de Véierte musse sech an der Véierelsfinall nach géint déi zwou bescht Ekippen aus dem Playdown fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Deemno ginn et bis zum Schluss eigentlech just nach Spëtzematcher.
E Samschdeg si mam HB Diddeleng an dem HB Käerjeng déi zwou Toppekippen aus de leschten zwee Joerzéngten openee getraff - just den HB Museldall an de Chev Dikrech konnten d’Dominanz vu béiden Ekippen 2012, 2017 an 2021 ënnerbriechen. Et war awer net den erwaarten enke Match, mee eng kloer Affär fir d’Gäscht. 31:24 stoung et no 60 Minutte fir Käerjeng. Bei Diddeleng huet d’Joy Wirtz nees gefeelt.
Et huet ee fréi gemierkt, dass déi Gréng sech nom Feelschossfestival leschte Samschdeg géint Déifferdeng erëmkafe wollten. 26 Schëss laanscht de Gol a 16 technesch Feeler haten um éischte Spilldag am Playoff eng Victoire verhënnert. Géint Diddeleng konnt d’Ekipp vum Trainer Dan Mauruschatt dës Feeler gréisstendeels ofstellen a war virum Gol immens konsequent. D’Lara Steffen konnt wuel den éischte Gol fir Diddeleng markéieren, mee dat sollt bis zur 14. Minutt den eenzege Gol fir déi Blo bleiwen. De Gol huet dem HBD keng Confiance bruecht, mee éischter Drock opgebaut an déi scho bal üblech Diddelenger Kränkt zum Virschäi bruecht.
Käerjeng huet mat engem 6:0-Laf geäntwert an d’Golkippesch Zorana Jurcevic war och am Match. Den Diddelenger Laf tëscht der 14. an 20. Minutt huet si zwar nees op 2 Goler erubruecht (6:8), war awer just vu kuerzer Dauer. Uschléissend ass Käerjeng bis an d’Paus op 8 Goler ewechgezunn. D’Gäscht koumen aus der Distanz, vum Krees a vun de Banden zu hire Goler an Diddeleng huet keng Léisungen dogéint fonnt.
Och an der zweeter Hallschent huet Käerjeng säi Stiwwel weider erofgespillt an hat an der Zorana Jurcevic weiderhin e séchere Réckhalt. Iwwer 20 Bäll konnt d’Bosnierin am ganze Match paréieren. An der 47. Minutt louch Diddeleng souguer 10 Goler hannen, well een am Ugrëff gefillt ouni Plang a mat villen Eenzelaktiounen agéiert huet. Impressionant ass, dass op Käerjenger Säit souwuel d’Teodora Galic, d’Daria Milek an d’Jennifer Zuk jeeweils 8 Goler markéiert hunn.
D’Red Boys Déifferdeng, wou 2015 eng Dammenekipp gegrënnt gouf an déi zënter 2017 an der héchster Divisioun spillt, krut et um zweete Spilldag vum Playoff mam HB Museldall ze dinn. Beim 34:24 hu si ënner Beweis gestallt, dass si no hirer beschter Placéierung mat Plaz 3 an der leschter Saison hongereg op méi sinn.
Déi Rout hu vun Ufank un de Match dominéiert a konnte sech séier eng komfortabel Avance vu 5 Goler erausspillen. Dës sollte si och mat an d’Paus huelen (17:12). De Museldall war wuel mat engem 4:0-Laf an d’zweet Hallschent gestart, huet sech awer am Géigenzuch 5 Goler um Stéck gefaangen. Dovu krute si sech net méi erholl an Déifferdeng huet seng Avance souverän geréiert a se an de Schlussminutten nach op 10 Goler ausgebaut.
Am Playdown hunn de Chev Dikrech an den HC Standard no zwee Spilldeeg déi bescht Kaarten, fir an d’AXA League ze klammen a sech an der Véierelsfinall och eventuell fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren. De Standard huet 41:21 beim HC Atert Réiden gewonnen an Dikrech huet auswäerts dem HB Esch keng Chance gelooss (32:16).