
Bei den Hären hu sech den HB Diddeleng bei de Red Boys zu Déifferdeng mat engem spannenden 32:32-Remis getrennt. An der Paus louch d’Lokalekipp op zwee Goler vir, ma no der 40. Minutt konnten d’Gäscht vun Diddeleng de Spillstand dréinen. Dat lescht Wuert hat awer den Daniel Tako, deen a leschter Sekonn nach fir Déifferdeng egaliséiert huet.
Profitéiert vun deem Remis huet den HC Bierchem, deen elo zesumme mat den Déifferdenger un der Tabellespëtzt steet. D’Ekipp aus dem Réiserbann huet dem CHEV Dikrech keng Chance gelooss a mat 42:20 gewonnen. Als drëtt Ekipp mat 14 Punkte steet och den Handball Esch ganz uewen an der Tabell. Si konnte sech e Samschdeg den Owend mat 34:28 géint Käerjeng duerchsetzen.
Fir den HC Standard gouf et zu Rëmeleng eng 33:26-Victoire.
Den Tabellenéischten HB Diddeleng huet senge Géignerinne vum HB Esch bei enger klorer 45:15-Victoire keng Chance gelooss a steet domat elo eleng un der Spëtzt. Hannendru gëtt et mat de Red Boys vun Déifferdeng dann een neien Zweeten. Si konnte sech e Samschdeg am direkten Duell mat 30:24 géint den HB Museldall duerchsetzen a si an der Tabell iwwerhuelen. Béid Ekippe si punktgläich mat zwee Punkten Ecart op de Leader Diddeleng.
Am drëtte Match vum Dag gouf et dann nach en 29:24-Succès fir Käerjeng géint de Standard.