Handball-ChampionnatBierchem wënnt Spëtzematch mat leschtem Worf

Yannick Glod
Déifferdeng huet no der Néierlag e Mëttwoch géint Esch eng Reaktioun gewisen. D'Diddelenger Dammen hu géint Käerjeng Revanche fir déi däitlech Néierlag am Supercup geholl.
© Serge Olmo

Hären

Et war de Remake vum Supercup vun Enn August an de Match tëscht dem amtéierende Champion Red Boys Déifferdeng an dem ongeschloenen Tabellenéischten HB Esch. Nodeems Déifferdeng ënnert der Woch däitlech zu Diddeleng verluer hat, hunn déi Rout eng Reaktioun gewisen an Esch mat 29:27 geklappt.

D'Gäscht ware séier 4:1 vir, hunn duerno awer komplett de Fuedem verluer a blouwen 9 Minutten ouni eegene Gol. Dat hunn déi Rout genotzt an en 8:0-Laf gestart; dobäi hu si virun allem vun den ongewinnt villen technesche Feeler a Feelpasse vun den Escher profitéiert. Den Hugo Figueira am Escher Gol huet an där Phas dofir gesuergt, dass d'Déifferdenger Avance net nach méi grouss gouf. An der Paus stoung et dunn awer 17:11 fir d'Lokalekipp.

Och wann Esch de Réckstand séier op 3 Goler verkierze konnt, huet Déifferdeng de Virsprong gutt geréiert kritt, an dat souguer an enger duebeler Ënnerzuel. Trotzdeem huet de Champion et verpasst, de Match fréi genuch zouzemaachen - d'Chancë waren do. Esch huet a gewinnter Manéier net opginn a war an der 57. Minutt nees op ee Gol drun (27:26). Fir déi lescht 90 Sekonne koum den Ivan Garcia an den Déifferdenger Gol an huet dräi wichteg Parade gewisen an de kierperbetounte Match domat entscheet.

Den zweete Spëtzematch gouf am Réiserbann gespillt, wou mat Bierchem an Diddeleng den Drëtten op den Zweete getraff war. Hei huet sech den HCB an engem Run-and-Gun-Match in extremis 39:38 behaapt.

Well de Raphael Guden nach ëmmer net asazfäeg ass, hunn den Oskar Wener an de Lé Biel vill Verantwortung iwwerholl. Bei Diddeleng huet den Itua Etute wéi gewinnt ervirgestach. Scoretechnesch war et e permanenten Hin an Hier. Mol louch Bierchem vir, mol war Diddeleng am Lead. An der Paus hat den HBD mat 20:19 d'Nues vir.

No 40 Minutten hat et schonn no enger Virentscheedung zugonschte vun Diddeleng ausgesinn (29:24), mee Bierchem war 7 Minutte méi spéit nees op ee Gol drun. An der 53. Minutt konnt d'Ekipp vum Trainer Martin Hummel déi éischt Kéier am zweeten Duerchgang d'Féierung iwwerhuelen (34:33).

Déi lescht Minutt war näischt fir schwaach Nerven. D'Fiiss hunn am Ugrëff de Ball verluer a Bierchem konnt op ee Gol plus stellen. Fënnef Sekonne viru Schluss war et dunn den Diddelenger Ausgläich, mee de Ben Majerus huet mat sengem Worf an den eidele Gol fir d'Entscheedung gesuergt.

An de weidere Partië gouf et kloer Victoirë fir Käerjeng an de Standard. Den HBK war dem Chev Dikrech mat 27:20 iwwerleeën an de Standard huet duerch den däitleche 36:28 géint d'Esperance Rëmeleng e wichtege Schratt Richtung Plaz 6 gemaach.

Fir Bierchem steet eng weider englesch Woch un, well si nächste Weekend am European Cup am Asaz sinn. Déifferdeng an Esch hunn hir béid Matcher eréischt d'Woch drop.

________________________________________________

Dammen

Zu Diddeleng gouf de Spëtzematch vum 4. Spilldag tëscht dem HBD a Käerjeng nogeholl. Hei konnten d'Fiiss Revanche fir déi däitlech Néierlag am Supercup huelen an hunn den HBK mat 28:19 heemgeschéckt. D'Ekipp vum Trainer Mikel Molitor bleift domat ongeschloen a steet un der Tabellespëtzt.

Diddeleng huet ë.a. dovu profitéiert, dass Käerjeng an der 42. Minutt mat der Daria Milek eng wichteg Spillerin duerch eng Disqualifikatioun verluer hat. Zu deem Moment stoung et 19:16 fir den HBD an de Match war bis dohin zimmlech ausgeglach. Well de Gäscht an de leschten 10 Minutte just nach ee Gol gelongen ass, konnt sech Diddeleng méi däitlech ofsetzen.

Fir de Museldall gëtt et, wéi ugekënnegt, eng ganz schwéier Saison. No den däitlechen Néierlage géint den ieweschten Trio Diddeleng, Déifferdeng a Käerjeng hunn d'Miselerinnen och géint den direkte Géigner Dikrech verluer. De Match am Lëtzebuerger Norde goung 16:29 verluer. Virun enger Woch hate si och géint de Standard de Kierzere gezunn. Domat muss sech d'Ekipp vum Trainer Ben Schuster fir d'Retourmatcher eppes afale loossen, fir nach op déi begiert 4. Plaz ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO