WM-Qualifikatioun am HandballDammennationalekipp wënnt Allersmatch a Groussbritannien

Ben Schlammes
Um Mëttwochowend krut Lëtzebuerg et zu Derby mat Groussbritannien ze dinn an huet sech dobäi gutt aus der Affär gezunn a mat zwee Goler Virsprong gewonnen.
Lëtzebuerg huet sech a Groussbritannien an eng gutt Ausgangslag fir de Réckmatch bruecht.
© Screenshot vum Livestream

Am Kader vum éischten Tour vun der WM-Qualifikatioun huet Lëtzebuerg den Allersmatch a Groussbritannien mat 22:20 gewonnen a sech domat eng gutt Ausgangslag fir de Réckmatch e Sonndeg an der Coque verschaaft. D'FLH-Damme konnten domat déi héich Erwaardungen am Virfeld vun dësem Optrëtt confirméieren a fir déi éischte Kéier zanter Mee 2019 nees een offizielle Lännermatch gewannen.

Beim éischte Lännermatch fir déi nei Nationaltrainerin Nina Kanto stoung et bal néng Minutte laang 0:0, éier d'Svenia Gambini deen éischte Gol vum Dag geschoss a Lëtzebuerg a Féierung bruecht huet. No zwee Goler op Fräiworf huet Groussbritannien no knapp 16 Minutte réischt eng éischte Kéier aus dem Spill eraus zougeschloen an ass mat 3:2 déi éischte Kéier a Féierung gaangen.

Duerch eng Phas vu véier Goler um Stéck, dorënner een an Ënnerzuel, huet Lëtzebuerg d'Heft am zweeten Deel vun der éischter Hallschent an d'Hand geholl a louch fir déi éischte Kéier mat zwee Goler vir. No engem Time-Out huet d'Lokalekipp awer nees zréck an de Match fonnt a konnt op 6:6 ausgläichen.

Doropshin huet och d'Lëtzebuerger Nationaltrainerin Nina Kanto mat engem Time-Out reagéiert an d'Valérie Gomes an d'Zoé Caruso konnten am Uschloss fir eng 8:6-Féierung zur Paus suergen. Déi bescht Spillerin um Terrain war bis dohin d'Laure Flener am Gol, déi mat iwwer 10 Paraden am éischten Duerchgang maximal ze iwwerzeege wosst.

An der zweeter Hallschent hunn d'Goler net laang op sech waarde gelooss. No dräi Minutte louch de Ball schonn zwee Mol op all Säit am Netz a sou stoung et 10:8 fir Lëtzebuerg. Kuerz drop hu sech d'FLH-Dammen an ee richtege Flow gespillt an op 13:8 erhéicht. D'Nina Kanto schéngt an der Paus déi richteg Wierder fonnt ze hunn.

Am weidere Spillverlaf wollt sech d'Lokalekipp géint deen zolitten Optrëtt vun de Roude Léiwinnen net geschloe ginn, ass awer ëmmer nees um Laure Flener am Gol hänke bliwwen. Beim Stand vu 16:11 fir Lëtzebuerg no 43 Minutten waren et scho 15 Paraden.

An der leschter Véierelsstonn ass et hin an hier gaangen a Groussbritannien ass ëmmer méi no erukomm. Siwe Minutte viru Schluss stoung et nëmmen nach 20:19 aus Lëtzebuerger Siicht. Och an deene spannende Minutte konnt sech d'Ekipp vum Nina Kanto op d'Laure Flener verloossen.

D'Dea Dautaj an d'Zoé Caruso hunn de Match an de leschten zwou Minutten zu Gonschte vu Lëtzebuerg entscheet. Um Enn konnt sech d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp vun den Damme mat enger 22:20-Victoire ee Virsprong vun zwee Goler fir de Réckmatch e Sonndeg an der Coque erspillen.

Back to Top
CIM LOGO