Handball-ChampionnatDiddeleng zitt mam Tabelleleader Museldall gläich

RTL Lëtzebuerg
An der Paus louch den HBD mat 14:10 am Avantage.
© Val Wagner

Um Mëttwoch den Owend war e wichtegen Nodrosmatch am Dammenhandball. De Coupegewënner HB Diddeleng huet mat 25:24 géint de Champion HB Käerjeng gewonnen. An der Paus louchen d’Damme vun Diddeleng mat 14:10 am Avantage. Op Säite vun Diddeleng huet d’Laura Ciufoli sechs Goler markéiert. Op Säite vu Käerjeng hunn d’Kim Kirtz an d’Kristin Birsens och mat 6 Goler am dackste getraff.

Diddeleng zitt domadder gläich am Klassement mam Tabelleleader HB Museldall.


Back to Top
CIM LOGO