
Den HB Esch huet iwwer d'Zillinn gerett an 32:29 beim Chev Dikrech gewonnen. Nodeems an der éischter Hallschent alles säin erwaarte Laf geholl an Esch eng kloer Avance hat (17:12), hu sech d'Gäscht aus der Minettmetropol an den éischte Minutten nom Säitewiessel en 1:5 gefaangen. Sou war Dikrech nees drun an huet u sech gegleeft. Nach méi Energie fräigesat huet déi éischt Dikrecher Féierung an der 47. Minutt (23:22). De Rajko Milosevic huet seng Spiller am Timeout erwächt kritt a sou konnt den Escher Fusiounsveräin de Match nach eng Kéier zu senge Gonschten dréien.
Och den HC Bierchem hat beim 35:31 géint den HC Standard seng Problemer. An engem enke Match louchen d'Réiserbänner wuel ëmmer vir, konnte sech awer laang net méi wéi 3 Goler ofsetzen. Dat sollt eréischt an der 52. Minutt beim 30:25 de Fall sinn. Dëse Virsprong goung hinnen duer, fir um Enn zwee Punkte mat heem ze huelen.
D'Stater hunn déi véier Matcher géint déi "grouss" Ekippen hannert sech, déi si alleguer zimmlech enk gestalte konnten. Elo kommen d'Matcher géint Käerjeng, Dikrech a Rëmeleng, wou si punkte mussen.
Ënnert der Woch hat de Standard an de Sozialen Netzwierker den Doud vu sengem Spiller Hugo Durand kommunizéiert. Hien stoung am erweiderte Kader vun der Hären-Ekipp.
Um Pabeier war de Match Käerjeng géint Diddeleng de villverspriechendste Match vun dësem Spilldag. Den HBD huet am Verglach zu de viregte Matcher beim Géigner keng Hoffnung opkomme gelooss an huet Käerjeng fréi de Stecker gezunn. No 10 Minutte stoung et schonn 10:2 fir d'Gäscht aus der Forge du Sud, fir mat 26:13 an d'Paus ze goen. An der zweeter Hallschent konnt Käerjeng nach e bëssen Ergebniskosmetik bedreiwen, fir mat 32:41 vum Terrain ze goen.
De Champion Red Boys Déifferdeng huet sech beim 36:29 géint d'Esperance Rëmeleng keng Bléisst ginn. D'Ekipp vum Trainer Yves Braconnier konnt 25 Minutte gutt mathalen, duerno huet Déifferdeng den Ecart gemaach a verdéngt gewonnen.
E Freideg hat d'FLH an engem Communiqué matgedeelt, wat fir Spiller am erweiderte Kader fir d'Campagne am November géint Schweden an Nordmazedonien stinn. Den neien Nationaltrainer Didier Dinart huet vill gestane Spiller, mee och e puer nei Gesiichter selektionéiert a gëtt verschiddene Spiller eng nei Chance.
________________________________________________
D'Damme waren dëse Weekend spillfräi, well et Nationalekipp-Woch ass. D'Rout Léiwinnen hunn dës Deeg genotzt, fir sech mat engem Stage op d'Qualifikatiounsmatcher géint Groussbritannien am Oktober ze preparéieren. Do geet et ëm d'Weiderkommen an déi nächst Ronn fir d'WM 2027.