Handball-WM bei den Dammen: Resumé vun der Haaptronn E Quartett steet ouni Néierlag an der Aachtelsfinall

Yannick Glod
Bei der Frae-WM an Däitschland an an Holland stinn elo mat der K.O.-Phas déi ganz spannend Matcher un. Donieft suerge wäiss Boxe fir Gespréichsstoff.
Netherlands' Yara ten Holte celebrates a goal during the group match between France and the Netherlands in the main round of the Women's World Handball Championship in Ahoy Rotterdam, on December 8, 2025. (Photo by Robin van Lonkhuijsen / ANP / AFP) / NETHERLANDS OUT
© ANP/AFP

Däitschland, Holland, Dänemark an Norwegen hu sech bis elo keng Bléisst ginn an all hir sechs Matcher gewonnen. Däitschland an Norwegen hu sech jeeweils ouni grouss Problemer an hire Gruppen duerchgesat, Dänemark stoung géint Ungarn kuerz virun enger Néierlag, konnt de Match an der Crunchtime awer nach zu senge Gonschten dréien an Holland huet an enger ausverkaafter Ahoy Arena zu Rotterdam den amtéierende Weltmeeschter Frankräich geklappt.

Mat Brasilien ass just eng net-europäesch Ekipp an den Aachtelsfinalle vertrueden an trëfft op de Co-Organisateur Däitschland. Ausserdeem trëfft Norwegen op Montenegro, Holland op Ungarn a Frankräich muss sech mat Dänemark moossen. Dës Matcher ginn den 9. an 10. Dezember ausgedroen.

No der Haaptronn ass fir vill Ekippen d’Aventure Weltmeeschterschaft eriwwer. Rumänien konnt mat enger jonker Ekipp mat Plaz 3 am Grupp 1 dat bescht Resultat zënter ville Jore realiséieren an och Japan huet sech deier verkaaft. Fir de Senegal mam Raïssa Dapina vum HB Museldall gouf et an der Haaptronn keng weider Victoire oder Punkten, trotzdeem waren d’Afrikanerinne mat hirer Leeschtung méi wéi zefridden.

Mat Tunesien an Angola haten et zwou weider afrikanesch Ekippen an d’Haaptronn gepackt; si konnten, anescht wéi de Senegal, déi eng oder aner Victoire verbuchen. Den asiatesche Kontinent war nieft Japan nach mat Südkorea vertrueden, déi an der Virronn zu Tréier gespillt haten. Aus Südamerika war nach Argentinien um Start gewiescht. Wéi bei de Männer weist sech och bei de Fraen, dass d’europäesch Ekippe kloer d’Iwwerhand am Welthandball hunn.

Diskussiounstheema wäiss Boxen

E puer Woche virun der Weltmeeschterschaft haten Dänemark, Norwegen a Schweden eng gemeinsam Petitioun bei der IHF (International Handballfederatioun) eraginn, fir d’Virgab ofzeschafen, dass all Ekipp en Trikotsaz mat helle Boxen am Assortiment hu misst. Virun allem wärend dem weiblechen Zyklus géife sech Fraen a Meedercher onwuel oder onsécher spieren a sech doriwwer Gedanke maachen. Änlech Positioune gouf et scho virun e puer Joer am Frae-Futtball, wou England zum Beispill zënterhier net méi ganz a Wäiss, mee an donkelbloe Boxe spillt. D’IHF hat als Äntwert ginn, dass een d’Reglement esou kuerz virun der Kompetitioun net méi ännere kéint, d’Präferenze vun den Ekippe géifen awer esou wäit wéi méiglech respektéiert ginn.

D’Tina Welter, fréier Handballerin op héijem Niveau, huet, op dëse Sujet ugeschwat, gemengt, et wär net eréischt elo en Theema, mee dat wär et scho virun enger Rei Jore gewiescht. Si ass sech awer och bewosst, dass et och am Fraen-Handball selwer ënnerschiddlech Meenungen zu dësem Sujet gëtt; verschidde Frae geséichen dee Sujet net esou eescht, anerer hätten awer Problemer mat där Situatioun.

„Et huet een ëmmer eppes am Hannerkapp, datt eppes kéint geschéien“, sou d’Tina Welter. Déi fréier Kapitänin vun der FLH-Selektioun huet dohier eng ganz kloer Meenung zu deem Sujet: „Bei de Männer géif déi Diskussioun net geféiert ginn; et [d’Reglement] géif direkt geännert ginn“.

D’Verbänn bei der Weltmeeschterschaft hëllefe sech mat engem weideren Ënnershort ënnert der eigentlecher Box, déi esouwuel aus der selwechter oder enger méi däischterer Faarf bestoen däerf. Esou handhaben et déi däitsch Spillerinnen op alle Fall.

Back to Top
CIM LOGO