Lëtzebuerger Handballzeen am TrauerFréieren Arbitter an aktiven FLH-Member Georges "Willy" Geib gestuerwen

Kevin Kayser
Als Arbitter, als Formateur vu jonke Schidsriichteren oder als Member vun der FLH-Kalennerkommissioun war de Goerges Geib e ganz aktive Member an der Lëtzebuerger Handballzeen.
Wéineg Leit hunn de Lëtzebuerger Handball iwwer Joerzéngten esou gepräägt wéi de Georges Geib, genannt "Willy".
Wéineg Leit hunn de Lëtzebuerger Handball iwwer Joerzéngten esou gepräägt wéi de Georges Geib, genannt "Willy".
© FLH

Wéi d'Lëtzebuerger Handballfederatioun op Nofro confirméiert huet, ass de Georges Geib, dee villen Handballspiller, Fans an Arbitteren einfach als "Willy" dierft bekannt sinn, gestuerwen. Joerzéngtelaang war de Willy e bekannten Deel vun der Lëtzebuerger Handballzeen an huet an deene Joren ënner anerem vill jonk Arbittere forméiert a war e wichtege Member vun der Kalennerkommissioun. "Säi grousst Fachwëssen a seng Erfarung waren eng onschätzbar Beräicherung fir eis all", esou beschreift d'FLH hien an hirem Facebook-Post.

Mam Georges Geib verléiert de Lëtzebuerger Handball eng wichteg Persoun, déi net just mat hirem Wëssen iwwert de Sport an d'Reegelwierk ëmmer eng Bänk war, mä op déi ee sech och an organisatoresche Saache konnt blann verloossen. Veräiner, wéi d'Red Boys Déifferdeng, beschreiwen hien als e faire Mënsch, deem "seng léif an éierlech Aart [...] hien zu engem geschätzten a respektéierte Mënsch gemaach" hunn.

Säin Engagement fir den Handball kann ee souguer an Zuele festmaachen. 2021 gouf de Georges Geib fir 3.000 Matcher, sief et als Arbitter, Delegéierten oder Secrétaire/Chronométreur geéiert a bei der "Soirée des Lauréats 2024" krut de Willy de Präis vum Bénévole FLH.

Back to Top
CIM LOGO