"Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" mam Marc BreserInternational ass en aneren Niveau

Franky Hippert
Podcast Drëtt Hallschent de Sporttalk mam Marc Breser, Hären-Trainer vum Handball-Champion Red Boys Déifferdeng.
Den Trainer vun der Red Boys Marc Breser am Sportalk.
© Franky Hippert

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent de Sporttalk” ass dës Woch de Marc Breser den Invité beim Franky Hippert. De studéierte Sportsproff ass Trainer vun der Red Boys Déifferdeng am Hären-Handball. Et ass déi éischt Saison als Cheftrainer fir de Breser. Virdru war hie scho Jugend- an och Co-Trainer bei der éischter Ekipp vum aktuelle Champion. De Weekend ass d’Wanterpaus am nationalen Hären-Handball-Championnat definitiv eriwwer. D’Red Boys steet no 11 Spilldeeg ongeschloen un der Tabellespëtzt.

De Sportsproff ass Trainer vun der Red Boys Déifferdeng am Hären-Handball.

Et ass schonn eng Ëmstellung

De Marc Breser war scho Jugendtrainer a Co-Trainer vun der éischter Ekipp zu Déifferdeng, awer nach net Cheftrainer. Am Ufank stellt ee sech natierlech d’Fro, wat d’Jonge vun engem erwaarden. Als Cheftrainer huet ee méi Responsabilitéit, wéi wann een Assistent ass. Den Ëmgang mat de Spiller bleift awer deen nämmlechten, well ee seng Perséinlechkeet jo net ännert. De studéierte Sportsproff probéiert seng Spiller vu sengen Iddien ze iwwerzeegen, andeems hien d’Spiller an de Prozess mat abënnt.

Déifferdeng huet dës Saison souwuel national wéi och international nach kee Match bei sech doheem verluer

Dat ass och eppes, op dat een houfreg ka sinn, mat där Leeschtung, déi ee bis elo bruecht huet, esou de Marc Breser. Souguer an der Coupe d’Europe hate sech déi Déifferdenger doheem dës Saison net misse geschloe ginn. Et gouf een europäesch eliminéiert, well een d’Partie an der Tierkei verluer hat. Am Championnat goufen et an 11 Matcher néng Victoiren an zwee Remisen. D’Zil vum aktuelle Champion ass et, fir ënnert déi dräi Éischt ze kommen, esou den Trainer vun der Red Boys.

Nationalekipp verbessert sech eréischt an de nächste Joren

Et ass e gudde Wee, deen een am Lëtzebuerger Handball aschléit, fir datt ëmmer méi jonk Spiller an d’Ausland ginn, esou de Marc Breser. Et muss een natierlech ëmmer kucken, datt dat net ze vill op Käschte vun de Lëtzebuerger Veräiner geet. De Futtball ass jo och dee Wee gaangen. Den Trainer vun der Red Boys ass sech awer och bewosst, datt de Futtball vill méi e grousse Poule huet wéi den Handball, fir dat ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO