HandballJill Welter als Halespriecherin bei WM-Matcher dobäi

Serge Olmo
Am Dammenhandball ass vum 26. November bis de 14. Dezember d'Weltmeeschterschaft. Dëst a fënnef verschiddene Stied an Däitschland an an Holland.
Handball: Jill Welter als Halespriecherin bei WM-Matcher dobäi
Am Dammenhandball ass vum 26. November bis de 14. Dezember d’Weltmeeschterschaft. Dëst a fënnef verschiddene Stied an Däitschland an an Holland.

Vum 26. November bis e Méindeg goufen d’Matcher vun de Gruppen D an H zu Tréier gespillt. Den Olympiagewënner Norwegen hat do seng Matcher vun der Virronn. Eng gutt Partie Lëtzebuerger hunn de kuerzen Deplacement op Tréier gemaach, fir de WM-Flair z’erliewen. Verschiddener ware just ee Match kucken, anerer waren an offizieller Missioun.

Lëtzebuerg konnt sech leider net ënnert den 32 Natioune qualifizéieren. D’Jill Welter vun der Lëtzebuerger Federatioun war awer d’Halespriecherin zu Tréier bei de WM-Matcher. No verschiddenen Experienze beim Final Four vun der Champions League ass dëst nees en Zeeche vu groussem Vertraue vun den internationale Federatiounen, fir op deem Niveau dierfen de Mikro ze maachen.

Beim éischte Rendez-vous vun den Norwegerinne géint Korea waren nawell vill Lëtzebuerger an der Tréierer Arena ënner de bal 2.000 Spectateuren. De Lëtzebuerger Nationalspiller Raphael Guden, dee sech an der Coupe d’Europe um Kapp blesséiert hat, wollt sech den Olympiagewënner Norwegen net entgoe loossen. Déi Lëtzebuerger Federatioun war gutt vertrueden donieft haten och vill Ex-Gloirë vum Lëtzebuerger Handball de Wee op Tréier fonnt. Och munch Handballexperte vun eiser Press ware present. Wéinst de Televisiounsrechter dierfe mir keng Biller vun de Matcher weisen. D’Norwegerinnen hu phaseweis awer schonn esou fréi an der Kompetitioun gewise wat se drop hunn. D’Nora Mörk, d’Olympiagewinnerin vu Paräis 2024 an d’Matspillerinne wëssen, datt fir si sportlech gesinn d’WM eréischt an der Haaptronn richteg wäert ufänken. D’Nora Mörk huet zwee Mol d’WM gewonne. Norwegen huet wéi erwaart déi 3 Matcher vun der Virronn gewonnen a geet däitlech als éischte vum Grupp an d’Haaptronn.

Eng Spillerin aus dem Lëtzebuerger Championnat ass och op der WM an zwar d’Raïssa Dapina vum Museldall. Déi Miseler Lénkshännerin huet mam Senegal zu s-Hertogenbosch an Holland gespillt géint d’Schwäiz, Ungarn an den Iran a konnt sech fir d’Haaptronn qualifizéieren. D’Spillerin vum Museldall huet an der Virronn net manner wéi 13 Goler markéiert.

Back to Top
CIM LOGO