Virum Match hätt wuel kee mat deem Resultat gerechent: No 60 Minutte stoung et 32:32 tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem HB Käerjeng. Domat ass déi éischt kleng Sensatioun vun der Saison perfekt - a vläicht muss een d'Aschätzung vun der Käerjenger Qualitéit scho revidéieren.
D'Spectateuren an der Uewerkuerer Sportshal hunn an den éischten 30 Minutten hiren Aen net getraut, wat si erlieft hunn. Den Aussenseiter Käerjeng huet den amtéierende Champion duerch eng konzentréiert Leeschtung an der Verteidegung an der Gitt gehalen a just 15 Goler kasséiert. Dat louch ënner anerem och un de Parade vum Serasset. Vir hunn déi Gréng der beschter Defense vun der leschter Saison 20 Goler ageschenkt. Virun allem de Jacques Tironzelli war mat 8 Goler net ze stoppen. Déifferdeng huet ongewéinlech vill technesch Feeler produzéiert a war virum Gol net sou konsequent wéi gewinnt.
D'Red Boys huet sech an der Kabinn eng Kéier gerëselt a manner Feeler gemaach, an trotzdeem huet et bis an d'54. Minutt gedauert, bis de Champion ausgläiche konnt. Et war en haart Stéck Aarbecht an dobäi hu si vun der Onerfuerenheet vun der jonker Käerjenger Ekipp profitéiert. Déi zweet Hallschent war och méi vu Kampf wéi vu schéinem Spill gepräägt. Beschte Mann um Terrain war de Comebacker Jacques Tironzelli mat 13 Goler.
Den HB Diddeleng huet mat vill Krämpes déi éischt Victoire vun der Saison gefeiert. Den 38:37 géint den HC Standard war méi wéi en haart Stéck Aarbecht. An der Paus stoung et 18:15 aus der Siicht vun de Fiiss. Si konnte sech de ganze Match iwwer op den Itua Etute verloossen. Den MVP vun der leschter Saison huet insgesamt 15 Goler markéiert, dobäi och den decisiven 38. Gol. De franséischen Neizougang vum Standard Nicolas Desbonnet huet seng Qualitéiten och direkt am éischte Match ënner Beweis gestallt an 12 Mol fir d'Stater markéiert.
Zu Rëmeleng hunn d'Spectateuren an der éischter Hallschent (12:15) en enke Match gesinn, mee um Enn huet sech den HB Esch mat 32:26 am Minett-Derby duerchgesat. Rëmeleng an der Ufanksphas vir, mee ab der 22. Minutt huet Esch d'Féierung iwwerholl an net méi ofginn. De Match war bis an d'50. Minutt serréiert an Esch hat maximal 3 Goler Virsprong, mee um Enn ass de Rëmelenger d'Loft ausgaangen.
Fir den HC Bierchem war et beim 35:19 géint de Chev Dikrech eng kloer Affär. Schonn nom éischten Duerchgang waren d'Réiserbänner mam neien Trainer Martin Hummel 17:8 vir. Dikrech koum eréischt an der 12. Minutt zu sengem zweete Gol, do stoung et 7:2. De grousse Virsprong huet Bierchem genotzt, fir och jonke Spiller wéi Oskar Wener oder Bob Mousel Asazzäit ze ginn.
Den Optakt an déi nei Saison hate schonn d'Dammen um 18 Auer gemaach. An do gouf et déi erwaartbar däitlech Victoirë fir d'Favoritten.
D'Red Boys Déifferdeng huet sech däitlech 33:16 géint d'Gäscht vum HB Museldall duerchgesat. Et war och den Duell vun zwee neien Traineren: Stéphane Mina op der Déifferdenger a Ben Schuster op der Miseler Säit. D'Miselerinnen hunn déi éischt Véierelstonn gutt matgehalen (7:5), duerno huet d'Charlène Servant am Déifferdenger Gol awer eng Rëtsch Bäll halen an hir Matspillerinnen an Zeen setze kënnen. Uschléissend sinn déi Rout duerch vill Goler vun der Rijalda Cilovic bis an d'Paus op 17:10 ewechgezunn. Am zweeten Duerchgang konnte sech bei Déifferdeng och d'Neizougäng Damian, Barthel a Riesterer auszeechnen. Dem Museldall a sengem Trainer steet wuel eng schwéier Saison bevir.
De Supercup- a Coupegewënner HB Käerjeng huet mam HC Standard kuerze Prozess gemaach an zu Bouneweg 40:28 gewonnen. Virun allem an der éischter Hallschent hu béid Ekippen e Feierwierk ofgebrannt, well insgesamt 39 Goler gefall sinn (15:24) - fir en Dammematch zu Lëtzebuerg eng immens héich Zuel. Bei de Käerjengerinnen hunn d'Tea Galic (8), Jil Reiter an de spueneschen Neizougang Andrea Lerena Colunga (jee 7) zesummen 22 Goler markéiert. Beim Standard huet d'Joanne Rodesch, déi no e puer Joer hire Comeback gefeiert huet, 5 Goler bäigesteiert.
Nom verluerene Supercup huet den HB Diddeleng eng Reaktioun gewisen a beim Opsteiger Chev Dikrech 34:23 gewonnen. Dës Kéier hunn d'Fiiss d'Ufanksphas net verschlof a louchen no 11 Minutte schonn 8:3 vir. De Virsprong ass weider gewuess an d'Gäscht haten an der 21. Minutt schonn 10 Goler Virsprong (14:4). Dësen ass am zweeten Duerchgang op maximal 16 Goler geklommen (27:11). Géint Enn vum Match konnt Dikrech e bëssen Ergebniskosmetik bedreiwen.