
Zanter 10 Joer gëtt déi nei Handball-Saison mam Supercup tëscht dem Champion an dem Coupegewënner oder dem Vizechampion souwuel bei den Damme wéi den Häre lancéiert. Um Dribbel zu Käerjeng stounge sech dëst Joer bei den Dammen de Champion Diddeleng an de Coupe-Gewënner Käerjeng géintiwwer. An do gouf et direkt eng Iwwerraschung. Käerjeng huet sech nämlech den éischten Titel vun der Saison geséchert an dat duerch e klore 25:17 géint Diddeleng.
Käerjeng huet iwwer de Summer vill Spillerinne verluer a konnt sech duerch déi finanziell schwiereg Situatioun net mat villen neie Spillerinne verstäerken an ass esou als Aussenseiter an d'Partie géint Diddeleng gaangen. Beim Champion konnt een d'Ekipp gréisstendeels zesummenhalen an et huet ee sech mat Scheuren, Kupke a Salvucci verstäerkt.
Käerjeng war trotz sengem klenge Kader de ganze Match iwwer déi besser Ekipp. No 10 Minutten hat ee sech eng Avance vu véier Goler erausgespillt an et stoung 5:1. Bis d'Paus huet een dësen Ecart gehalen, sou datt ee mat engem 12:8 an d'Kabinne gaangen ass. D'Damme vun Diddeleng hu sech ze vill technesch Feeler geleescht a konnten hir Chancen, déi do waren, net era maachen. Och no der Paus ass et dem HBD net gelongen, fir d'Feeler ofzeschalten. An den éischte Minutte konnt ee wuel kuerzzäiteg de Réckstand verkierzen an et ass ee beim Stand vun 13:15 bis op zwee Goler erukomm, mä dréine konnt een d'Partie net. D'Damme vu Käerjeng konnten d'Avance duerno nees ausbauen, fir um Enn mat 25:17 ze gewannen a sech esou iwwer den éischten Titel vun der Saison dierfen ze freeën.

E Samschdeg um 17:30 Auer ass et dann un den Hären. Hei sti sech den 10-fache Champion Déifferdeng an den 10-fache Coupe-Gewënner Esch géintiwwer.