HandballKäerjenger Damme wanne Spëtzematch

Yannick Glod
Am leschte Championnatsmatch vum Joer 2025 huet sech de Rekordchampion mat 26:24 géint Déifferdeng duerchgesat.
© Serge Olmo

E Freidegowend stoung bei den Dammen en Nodrosmatch vum 15. November um Programm. Am leschte Match vum Joer 2025 huet sech den HB Käerjeng mat 26:24 géint d’Red Boys Déifferdeng behaapt. Mat dësem Resultat stinn elo véier Ekippe mat der selwechter Punktzuel un der Tabellespëtzt. Déifferdeng geet trotzdeem als Tabellenéischten an d’Placéierungsronn.

D’Féierung ass fir d’éischt hin an hier gewiesselt, no enger gudder Véierelstonn huet Déifferdeng de Lead iwwerholl, mee kuerz virun der Paus konnt Käerjeng nach laanschtzéien a mat 14:13 an d’Kabinne goen. No der Paus konnt Käerjeng seng Avance behaapten an dës bis op maximal 6 Goler ausbauen (42. Minutt 22:16).

Uschléissend ass der Lokalekipp wärend 8 Minutte kee Gol gelongen an Déifferdeng konnt sech lues a lues nees erukämpfen. An der 51. Minutt waren d’Gäscht nees op ee Gol (23:22) drun a konnten an der 55. Minutt nees gläichzéien. An enger spannender Schlussphas, an trotz enger Disqualifikatioun fir Käerjeng, konnt sech de Rekordchampion um Enn mat 26:24 duerchsetzen. D’Lena Kirtz (Käerjeng) an d’Sarah Kupke (Déifferdeng) hu jeeweils 8 Goler bäigesteiert.

Back to Top
CIM LOGO