Handball Kapitän vun Nationalekipp a vum HC Bierchem mat Kräizbandrass minimum 9 bis 10 Méint out

Franky Hippert
De Kapitän Ben Weyer hat sech am European Cup an der Tschechescher Republik um Knéi blesséiert, ass mëttlerweil operéiert, an fält fir eng länger Zäit aus.
© RTL

Et ass en haarde Coup fir déi Lëtzebuerger Handball-Nationalequipe an fir de Coupegewënner HC Bierchem.

Ben Weyer iwwer seng Blessur un de Kräizbänner

“Et ass esou, dass mer de 15. November zu Brünn an Tschechien fir den EHF-Cup, mat Bierchem waren, an der 20. Minutt war ech an der Verteidegung, eng ganz normal Aktioun, wéi ech se 100 Mol an der Woch maachen, mat de Knéi verdréien an, jo, bon, méindes ass dann am IRM d’Diagnos komm, dass ech d’ Kräizband duerch hunn. Bon, Gott sei Dank gouf ech an der Eecher Klinick awer ganz gutt opgeholl an ech gouf schonn den 1. Dezember eeben am Kräizband vum Dokter Hoffmann Félix operéiert. Déi OP ass ganz gutt verlaf. Ech misst de Meniskus awer och refixéiert kréien. Bon, d’ Reha leeft schonn. Ech mengen, ech hunn elo eng Schinn, et si sechs Woche mat där Schinn an engems mat Krätschen ënnerwee, an da wäerte mer eis louss a louss zréckzekämpfen. Mee bon, wéi een esou weess, bei de Kräizbänner ass dat ëmmer eng länger Geschicht. Dat ass zwar meng éischt Verletzung a menger Karriär, mee ech hu mer direkt, jo, den Champions League Géigner ausgesicht. Dat heescht, mindestens 9-10 Méint, awer och bis zu 12 Méint, wou ech um Handballsterrain feelen.”

Um Mëttwoch den Owend um 20.30 Auer huet den HC Bierchem, ouni hire Kapitän a Kreessleefer Ben Weyer, dann zu Krautem, de Champion Red Boys Déifferdeng fir de Nodrosmatch vum 7. Spilldag op Besuch.

Back to Top
CIM LOGO