
Elo ass et fix - den ominéise leschte Fräiworf an der Partie tëscht Esch an Diddeleng gëtt de 4. Februar ausgedroen. No der Decisioun vum CLAS, datt dëse muss widderholl ginn, huet d‘Handball Federatioun dëst elo mat de Veräiner decidéiert.
Esch geet deemno mat engem 30 op 29 Avantage op den Terrain an Diddeleng huet just mat deem leschte Fräiworf nach d‘Chance, auszegläichen. D‘Auerzäit ass fir den 4. Februar um 20.30 Auer an der Escher Hal fixéiert an d‘Spectateuren sinn och zougelooss.