
En Dënschdeg gouf zu Wien den 2. Tour vum EHF European Cup vun den Hären ausgeloust. Mam HC Bierchem, de Red Boys Déifferdeng an dem Handball Esch sinn nach 3 Lëtzebuerger Vertrieder mat dobäi.
Den HC Bierchem kritt et mat HC Lovcen Cetinje, dem Champion aus Montenegro, ze dinn. Si spillen domat eng zweet Kéier géint eng montenegrinesch Ekipp. D'Red Boys Déifferdeng spille géint RK Gorenje Velenje aus Slowenien, e Veräin mat enger grousser internationaler Geschicht an doheem och héich dekoréiert. Velenje huet ënner anerem och bekannt Spiller wéi Benjamin Buric, Ivan Cupic oder Momir Ilic groussgemaach. Den Handball Esch dogéint erwaart en Duell mat Haukar Hafnarfjördur aus Island.
Souwuel den HC Bierchem, wéi och den Handball Esch hunn am éischte Match Heemrecht. D'Red Boys spillen déi éischt Partie auswäerts. D'Allersmatcher si fir de Weekend vum 17/18. Oktober virgesinn. D'Retourpartië sinn déi Woch drop um Weekend vum 24/25. Oktober.