
Wéi déi Lëtzebuerger Handballfederatioun en Donneschdeg matgedeelt huet, gëtt d'Nina Kanto déi nei Lëtzebuerger Dammennationaltrainerin.
Domadder iwwerhëlt déi 42 Joer al Franséisin d'Successioun vum Michel Scheuren, dee virun engem Mount bekannt ginn huet, säi Kontrakt als Dammennationaltrainer net ze verlängeren.
D'Kanto huet iwwer 200 Lännermatcher fir déi franséisch Nationalekipp gespillt. Si gouf mat Metz 11 Mol Champion, do war si och als Trainerin vun der zweeter Ekipp aktiv.