Et war eng Finall, déi sech wéineg Leit am Virfeld erwaart haten. Awer net Norwegen war d’Iwwerraschung, mee de Géigner Däitschland. Bis an d’Finall hate béid Ekippe kee Match verluer, no 60 Minutten duerft sech Norwegen iwwer déi nächst Victoire freeën. D’Skandinavierinnen hunn Däitschland an engem bis zum Schluss enke Match 23:20 geklappt a feieren hire fënnefte Weltmeeschtertitel. Däitschland war als kloren Underdog an de Match gaangen an dierf sech iwwer d’Sëlwermedail freeën; déi éischt Medail zënter 2007.
D’Ufanksphas war ausgeglach. Däitschland, fir dat et déi éischt Participatioun un enger WM-Finall zënter 1993 war, hat Norwegen gutt am Grëff a louch no 7 Minutte souguer zwee Goler vir. Si konnten Norwegen bis an d’Paus ëmmer nees mat engem Gol op Distanz halen. No 30 Minutte stoung et an der Ahoy Arena zu Rotterdam 11:11. Nom Téi hunn d’Norweegerinnen an den Ufanksminutte méi Damp gemaach an Däitschland louch an der 35. Minutt eng éischt Kéier zwee Goler hannen. Et hu sech ëmmer méi technesch Feeler an d’däitscht Spill ageschlach a si kruten an der Defense och keen Zougrëff méi. Dat huet sech ab der 44. Minutt nees gedréint an déi Däitsch konnten nees gläichstellen. An der Crunchtime huet Norwegen bei senger zéngter Participatioun un enger WM-Finall vu senger Erfarung profitéiert an de Match heembruecht.
Fir d’Katrine Lunde war et dat lescht Turnéier. Déi 45 Joer al Golkippesch vun Norwegen a Mamm vun enger Duechter hat virum Turnéier annoncéiert, dass et fir si déi lescht Optrëtter op internationalem Plang wieren. Si schléisst hir international Karriär mat der Goldmedail of.
Am Match ëm Plaz 3 huet sech Frankräich an der Verlängerung mat 33:31 géint Holland duerchgesat a Bronze gewonnen.