FLH-President Dokter Romain Schockmel iwwer d'Zukunft"Op alle Fall wäert ech mir da wierklech déi Froe stellen"

Serge Olmo
Den Dr. Romain Schockmel ass zanter 2016 President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun. De Serge Olmo huet mat him en Tëschebilan gezunn an an d'Zukunft no vir gekuckt.
© RTL-Archiv

Déi finanziell Situatioun ass mëttlerweil gesond bei der FLH. D’Dammennationalekipp gëtt guer net méi a Fro gestallt. Dat sinn zwee Ziler, déi den Dokter Romain Schockmel a seng Ekipp wollten erreechen. D’Championnater si bei den Dammen an den Hären dës Saison ganz interessant, wat de FLH-President begréisst. Esou wéi och d’Tatsaach, datt d’Lizenzenzuele liicht an d’Luucht ginn. D’Zil gouf och viru Jore genannt op europäeschem Plang bei de Männer plus minus op der 24. Plaz ze sinn, mee d’Rout Léiwe si bal 10 Plaze méi schlecht wéi erhofft klasséiert. Also gouf dat Objektiv kloer net erreecht. Dat ass en Zil oder op d’mannst eng Tendenz, déi den FLH-President resolut wëll aschloen, fir ze kucken, wéi dem Dr. Romain Schockmel seng Zukunft bei der FLH soll sinn.

“Elo si mir 10 Joer ënnerwee, wa mir elo bei 12 Joer ukommen. A mir sinn do net an déi Richtung eragaangen. Op alle Fall wäert ech mir da wierklech déi Froe stellen.”

De FLH-President ass iwwerzeegt, datt de Poste vum Directeur General fir de Lëtzebuerger Handball, haaptsächlech fir d’Nationalekippen, enorm wichteg wier. Am Verlaf vum Januar soll d’Federatioun d’Äntwert vum Sportsministère kréien a wéi eng Richtung a besonnesch, wéi et op finanziellem Plang soll weider goen.

“Ech hu léiwer de Manager, deen d’Richtungen och deelweis vum Fonctionnement wäert virginn. Mir wäerten do Leit brauchen, déi all eenzel Posten, an do setzen ech mech och mat dran, ob ech als President, den néidegen Input ginn. An dat wäert da mat sech bréngen, datt och déi Leit, déi dann hir eenzel Fonctiounen hunn, wéi den Nationaltrainer, fir dat ëmzesetzen.”

Situatioun am nationalen Handball / Serge Olmo

Zanter ronn 3 Méint ass de fréiere Weltklass-Handballspiller an ex-franséischen Nationaltrainer Didier Dinart am Gespréich, fir en eventuelle Poste bei der FLH ze iwwerhuelen. De Fransous Dinart ass awer de Moment an enger delikater Situatioun bei sengem aktuelle Veräin US Ivry. Ënnert dem Stréch ass den Dinart elo warscheinlech net méi den éischte Plang fir de Poste vum Directeur General.

“Wann ech elo nach eng Kéier op den Dinart zeréckkommen, hunn ech mir elo soe gelooss, dat ass éischter e Mann fir en Nationaltrainer, soudatt en awer elo net onbedéngt de Posten, dee mir elo als Directeur General oder als Manager wëllen ustriewen, och gutt dozou géif stoen.”

Villäicht huet den Italieener Ricardo Trillini besser Kaarten. Hie war vun 2013 bis 2016 bei Käerjeng an hat do ganz staark Resultater fäerdegbruecht. Hien huet déi lescht Joren déi italieenesch Nationalekipp wäit no vir bruecht.

“Den Trillini, wann Dir elo onbedéngt iwwert Nimm wëllt schwätzen, awer wéi gesot, ech präziséiere sécherlech, datt dat net e Kandidat ass, deen elo scho feststeet. Den Trillini huet als Nationaltrainer gutt geschafft, mee hien huet och déi ganz italieenesch Federatioun ëmstrukturéiert.”

Deemno wéi den Dossier am Kontext Directeur General virukënnt, geet ee méi oder manner an Direktioun Professionalismus am Lëtzebuerger Handball an et kéint een eventuell nees de Projet ugoe mat der Belsch a villäicht esouguer mat Holland, e gemeinsaamt klengt oder méi grousst Championnat op d’Been ze setzen, wéi d’Benelux-Liga vun 2010 bis 2014.

Back to Top
CIM LOGO