Handball WMRaissa Dapina: "Géint d‘Schwäiz krute mir eng Handball-Lektioun"

RTL Lëtzebuerg
D'Spillerin vum HB Museldall ass aktuell op der WM fir hiert Heemechtsland Senegal am Asaz an huet eis en Tëschebilan gemaach.
Raissa Dapina #44
Raissa Dapina #44
© ADAM IHSE/AFP

Den Ament ass d‘Weltmeeschterschaft am Dammenhandball an Holland an Däitschland amgaangen. Am Ganze sinn 32 Ekippe mat dobäi, eng dovun ass Senegal. Do selektionéiert ass mam Raissa Dapina eng Spillerin, déi bei eis am Championnat fir den HB Museldall spillt.

Am RTL Interview zitt d‘Raissa Dapina een Tëschebilan vun de Matcher, déi bis elo gespillt gi sinn. Ënnert anerem och géint Dänemark, eng vun den Top-Ekippe fir d‘WM-Kroun. Do dernieft erzielt d‘Spillerin, déi op der rietser Band zum Asaz kënnt, wéi d‘Ambiance an der senegaleesescher Ekipp wärend der Weltmeeschterschaft ass.

D’Raissa Dapina op der Handball WM

Back to Top
CIM LOGO