
De Champion HB Diddeleng spillt seng zwou Partien auswäerts an dat géint H71 vun der Färöer Inselen. An der éischter Partie e Freideg si ganz vill Goler gefall. Nodeem den HB Diddeleng an der Paus nach däitlech am Avantage war, hunn d'Damme vum HBD mat 38:41 verluer. Eng Qualifikatioun ass e Samschdeg nach absolut méiglech.
Déi Déifferdenger Red Boys hunn an dem selwechten European Cup géint Levalea aus dem Montenegro den Aller-Match däitlech mat 19:30 verluer. Den 1. Match gouf zu Uewerkuer gespillt genee wéi e Samschdeg um 17.30 Auer och de Retour-Match. Et ass nom Resultat vun der éischter Partie net realistesch, datt een zu Déifferdeng mat enger Qualifikatioun rechne kann.