No der exzellenter Leeschtung vun de Roude Léiwe heiheem géint Kosovo am Allersmatch koum et e Mëttwoch am Kosovo zu der Retourpartie.

No der 88:80-Victoire vun de Roude Léiwen an der 1. Partie géint Kosovo ass d'Formatioun vum Coach Ken Diederich e Samschdeg déi Säit vun der Manche géint Groussbritannien ugetrueden. Hei hat d'FLBB-Formatioun et awer schwéier an esou goung d'Partie mat 54:71 verluer.

E Mëttwoch wollten d'Rout Léiwen hir gutt Leeschtungen aus de leschte Matcher awer nees opgräifen an eppes aus dem Kosovo mat Heem bréngen. Dat sollt hinnen awer net geléngen. Si sinn net gutt an de Match erakomm a si vun Ufank un engem Réckstand hannendru gelaf an um Enn hu si sech dem Kosovo mat 88:109 misse geschloe ginn.
D’Kosovaren hunn direkt gewisen, datt si fir déi Defaite vu virun 11 Deeg Revanche huele wollten.

Nom 1. Véierel ware si 30:17 vir, duerno huet den Nationaltrainer Ken Diederich defensiv ëmgestallt a bei 38:34 war déi Lëtzebuerger Selektioun erëm no drun.

Nom Säitewiessel hunn d’Kosovaren awer mat enger ganz aggressiver Defense a mat enger gudder Reussite am Ugrëff hire Virsprong erëm konstant ausgebaut.

Mat 88:109 gouf et um Enn eng däitlech Defaite fir Lëtzebuerg.

Dee leschte Match vun dëser Pre-Qualfikatioun gëtt et nächste Mëttwoch um 19 Auer an der Coque. De Géigner heescht dann Groussbritannien.

Déi Lëtzebuerger Selektioun

#3 Ivan Do Rosario Delgado - Etzella Ettelbréck

#4 Philippe Arendt - Sparta Bartreng

#8 Thomas Grün - Gladiators Trier

#9 Mihailo Andjelkovic - Contern

#11 Alex Laurent - Den Helder Suns

#12 Joe Kalmes- Musel Pikes

#13 Ben Kovac - Basket Esch

#15 Oliver Vujakovic - TS Innsbruck

#19 Kevin Moura - T71 Diddeleng

#20 Lou Demuth - Gréngewald Hueschtert

#24 Yann Wolff - Amicale Steesel

#32 Xavier-Robert François - Résidence Walfer