Am nationale Basketball war um Freideg Owend den Optakt vun der Enovos League 2024/25, dat mat zwee Matcher bei den Hären.

Fir den Nationaltrainer bei den Häre Ken Diederich zielt d'Amicale Steesel zu den Haaptfavoritten an der neier Saison.

Hären

D'Sparta Bartreng huet auswäerts beim Opsteiger Munneref vun Ufank un ënnerstrach, dass déi zwee Punkte mat op Bartreng ginn. 32:16 louch d'Ekipp vum Trainer Karl Abou Khalil no 10 Minutte fir, an der Paus war de Match entscheet (57:32). Um Enn wënnt Bartreng mat 112:78, de Profispiller Lenell Henry hat dobäi 37 Punkten um perséinleche Kont. Ënnerstëtzt gouf hie vum Nationalspiller Max Logelin mat 21 Punkten.

Méi spannend war de Match tëschent der US Hiefenech an der Résidence Walfer. Beim Opsteiger stoung de José Pais Costa als Coach fir de gespaarten Alex Pires an der Verantwortung. D'Gäscht haten zwar iwwer laang Strecken e klenge Virsprong, den Opsteiger ass allerdéngs am Match bliwwen. Um Enn setzt sech de Coupe-Gewënner Walfer, bei deem nëmme 6 Spiller zum Asaz komm sinn, knapp mat 82:76 duerch. Iwwerzeege konnt de Leon Ayers mat 29 Punkten, den Oliver Vujakovic huet mat 18 Punkte gewisen dass hien och des Saison nees a gudder Form ass.

Um Samschdeg stinn déi aner 4 Partië bei den Hären um Programm, donieft ass et den Optakt vun der Enovos League bei den Damme mat ënner anerem dem Spëtzematch tëschent Diddeleng an Hueschtert.