Um Samschdeg de Moien hat d'FLBB op hiren uerdentleche Kongress zu Mamer invitéiert. 

De Conseil d'administration gouf vun de Clibb bestätegt, mam Ben Duhr, Patrick Jim Gregorius a Max Krippler sinn dräi nei Gesiichter mat dobäi. Net méi am CA sinn d'Nicole Muller an d'Ferny Ginter.

Dëse Weekend ass den Optakt vum Basketball-Championnat 2024/25 schonn um Freideg goufen zwee Matcher an der Enovos League bei den Häre gespillt. Den Numm vun der Liga an de Sponsor si vun dëser Saison un nei beim Basketverband. Den FLBB-Präsident Samy Picard huet betount, dass d'FLBB enorm houfreg ass, dësen neie Partner u Bord ze hunn.

Op der AG goufen och d'Aachtelsfinallen am Lalux Ladies Cup bei den Damme geloust. Dës Matcher stinn de 16. a 17. Oktober um Programm.

East Side Pirates (+10) - AB Contern
Résidence Walfer (+10) - Les Sangliers Wolz
Etzella Ettelbréck (+10) - Gréngewald Hueschtert 
AS Zolwer (+10) - Amicale Steesel 
BC Mess (+10) - Sparta Bartreng 
T71 Diddeleng - Basket Esch
Black Star Miersch - Black Frogs Schieren

Spillfräi: Musel Pikes