Bayern weider ouni Punkteverloscht, Frankfurt klappt Gladbach

An der däitscher Bundesliga stoung e Samschdeg de Mëtteg d'Suite vum 4. Spilldag um Programm.
E Freideg den Owend hat sech Mainz fir den Optakt mat 3:2 zu Augsburg duerchgesat.
Fir den FC Bayern leeft an der neier Saison weiderhin alles perfekt. Zu Bremen gouf et fir den Tabelleleader eng däitlech 5:0-Victoire. No 23 Minutten hat de Michael Olise fir déi verdéngt Féierung gesuergt, dat an engem Match an deem Bremen zu kengem Zäitpunkt eng Chance hat selwer eppes ze probéieren. D'Dominanz vun de Bayern huet sech bis zum Schluss gezunn a bréngt no weidere Goler vum Musiala, Kane, Olise a Gnabry déi nächst dräi Punkten.
Freiburg steet no enger 3:0-Victoire zu Heidenheim virleefeg op der zweeter Tabelleplaz. Op Grond vun enger gudder Defensivaarbecht op béide Säiten ass et kenge vun deenen zwou Ekippen an der éischter Hallschent gelongen ee Gol ze schéissen. Nom Säitewiessel huet de Ritsu Doan da mat engem präzise Schoss op 1:0 gestallt an d'Freiburger domat sou richteg an d'Rulle bruecht. Zwee weider Goler vum Vincenzo Grifo hunn um Enn fir den 3:0-Enstand gesuergt.
An den zwou weidere Partië vum Samschdegmëtteg huet Union Berlin sech mat 2:1 géint Hoffenheim behaapt a fir den Opsteiger Kiel gouf et zu Bochum mat engem 2:2-Remis den éischte Punkt vun der Saison.
E Samschdeg den Owend huet Frankfurt sech dann nach mat 2:0 géint Gladbach duerchgesat. D'Goler vum Hugo Larsson an dem Omar Marmoush hunn um Enn den Ënnerscheed geemaach. Fir Frankfurt war dat déi drëtt Victoire hannerteneen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.