An England setzt sech Liverpool duerch eng 3:0-Victoire virleefeg un d'Tabellespëtzt.

An der Bundesliga war e Samschdeg de Mëtteg d'Suite vum 4. Spilldag.

Am internationale Futtballchampionnat konnten e Samschdeg an England souwuel Chelsea a Liverpool, wéi och Tottenham hir Matcher wannen. Fir Manchester United gouf et allerdéngs géint Crystal Palace just ee Punkt. An Italien hu sech Juventus an Neapel iwwerdeems mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt an an der franséischer Ligue 1 konnt Lens sech duerch ee Gol an der 96. Minutt nach ee Punkt sécheren.

Premier League

West Ham - Chelsea 0:3
0:1 Jackson (4'), 0:2 Jackson (18'), 0:3 Palmer (47')

Duerch ee gudde Start an de Match huet Chelsea fréi gewisen, datt si déi dräi Punkte mat Heem wéilten huelen. Schonn no véier Minutte stoung et duerch e Gol vum Nicolas Jackson 1:0 an och an de weidere Minutte louch den zweete Gol méi dacks an der Loft. Deen ass dann och an der 18. Minutt eng weider Kéier vum Nicolas Jackson gefall. Zwar war d'Partie duerno am weidere Spillverlaf rëm méi ausgeglach, den 3:0 kuerz no der Paus duerch de Cole Palmer huet dann awer scho vir eng virzäiteg Decisioun gesuergt. Um Enn steet eng verdéngt Victoire fir d'Blues.

Liverpool - Bournemouth 3:0
1:0 Luis Diaz (27'), 2:0 Luis Diaz (29'), 3:0 Darwin (37')

Och den FC Liverpool war op der Anfield Road gutt an de Match gestart an huet de Kepa am géigneresche Gol an der Ufanksphas dacks op d'Prouf gestallt. No 27 Minutten ass et de Reds dann awer eng éischte Kéier gelongen d'Mauer ze briechen. De Luis Diaz konnt de Golkipp mat vill Tempo ëmlafen an de Ball ouni Problemer an de Gol drécken. Nëmmen zwou Minutte méi spéit war et eng weider Kéier de Kolumbianer, deen op 2:0 erhéije konnt. Mat engem schéine Schoss huet den Darwin da virun der Paus op 3:0 gestallt an och hei scho fréi am Match fir eng virzäiteg Decisioun gesuergt. Am zweeten Duerchgang huet Liverpool d'Féierung nämlech ouni weider Problemer iwwert d'Zäit bruecht a steet domat virleefeg op der 1. Plaz an der Tabell.

Tottenham - Brentford 3:1
0:1 Mbeumo (1'), 1:1 Solanke (8'), 2:1 Johnson (28'), 3:1 Maddison (85')

Crystal Palace - Manchester United 0:0

Serie A

Venedeg - Genua 2:0
1:0 Busio (63'), 2:0 Pohjanpalo (85')

Juventus - Neapel 0:0

Ligue 1

Lille - Stroossbuerg 3:3
1:0 Zhegrova (15'), 2:0 Zhegrova (27'), 2:1 Santos (30'), 2:2 Emegha (42'), 2:3 Nanasi (66'), 3:3 David (84')

Stade Rennes - Lens 1:1
1:0 Kalimuendo (24'), 1:1 Nzola (90+6')

La Liga

Valencia - Girona (18.30 Auer)