De Champion Boston start als Favorit an d'Saison

© AFP Archivbild
An der Nuecht op e Mëttwoch start d'Saison an der NBA, et ass déi insgesamt 79. Saison an der stäerkster Basketliga op der Welt.
30 Ekippen, opgedeelt an 2 Konferenzen - Osten a Weste mat allkéiers 15 Ekippen - kämpfen an der National Basket Association (kuerz NBA) ëm de Championstitel. Genee wéi lescht Saison wäert niewent dem Haapttitel och en Tournoi wärend der Saison - vergläichbar mat der Coupe an Europa - gespillt ginn, de sougenannten "NBA CUP".
Als Favorit an d'Saison geet den aktuelle Champion Boston Celtics. D'Ekipp ronderëm de Jayson Tatum huet allerdéngs e puer Haaptkonkurrenten, ënner anerem d'New York Knicks, déi och am Oste spillen. Den Traditiounsveräin huet no ville schwaache Joren d'Kéier kritt, sech iwwer de Summer weider verstäerkt an elo sinn d'Hoffnungen an der Weltstad grouss, dass een am Basket den éischten Titel no 1973 gewanne kann.
Gleeft een de grousse Sportswett-Säiten, da sinn d'Oklahoma City Thunder am Westen de Favorit. Bei der Ekipp steet mam Ex-Steeseler Amerikaner Alex Reese e Spiller am Kader, deen nach viru kuerzem zu Lëtzebuerg aktiv war. Weider Top-Kandidate sinn d'Denver Nuggets mam serbesche Superstar Nikola Jokic souwéi d'Dallas Mavericks mam slowenesche Superstar Luka Doncic.
Déi lescht Jore gëtt d'NBA ëmmer méi gepräägt vu Spiller baussent den USA, virun allem Europäer drécken der Liga verstäerkt hire Stempel op. Niewent dem Griich Giannis Antetokounmpo spillt sech aktuell den 2,24 Meter grousse Fransous Victor Wembanyama méi a méi an de Fokus. No senger grandioser éischter Saison dierf ee gespaant sinn, wéi de Fransous dëst Joer mat de San Antonio Spurs optrëtt.
Ee Veräin, deen ëmmer am Fokus steet, sinn d'Los Angeles Lakers. Dobäi ginn der Ekipp ronderëm de Superstar Lebron James kaum Chancen op den Titel zougesprach, mee et steet een historeschen Event um Programm. De Lebron, dee mat 39 Joer a seng insgesamt 22. Saison an der NBA geet, steet zesumme mat sengem Fils Bronny um Terrain, dat gouf et an der NBA nach ni.
Lass geet d'Saison mat de Matcher Boston Celtics géint New York Knicks an Minnesota Timberwolves géint Los Angeles Lakers.