Ex-Profi vu Steesel Alex Reese an der NBA ënner Vertrag

Alex Reese mat der Nummer 15 am Trikot vun Oklahoma City Thunder / © AFP
Den Alex Reese huet an der Saison 2022/23 fir d'Amicale Steesel gespillt, elo huet hien et an d'NBA gepackt.
De 25 Joer ale Spiller, dee virun 2 Joer zu Lëtzebuerg Vize-Champion mat der Amicale gouf, profitéiert bei Oklahoma City Thunder vun e puer Verletzungen a rutscht domat an de Kader, dat e puer Deeg virum Start vun der Saison den 22. Oktober. De Reese ass domat Deel vun enger vun den um Pabeier stäerksten Ekippen an der NBA a suergt fir eng flott Geschicht vun engem Spiller, dee seng aktiv Karriär eigentlech schonn ofgebrach hat. Wann de Reese déi nächst Wochen iwwerzeege sollt, kéint säi provisoresche Vertrag an e feste Vertrag ëmgewandelt ginn, bis dohin ass et awer nach e wäite Wee.
Scho virun e puer Joer hat en Ex-Spiller vu Lëtzebuerg de Sprong iwwer Ëmweeër an d'NBA gepackt. Den Alfonzo McKinnie, deen deemools fir d'East Side Pirates an der Nationale 2 aktiv war, huet e puer Joer an der NBA eng gutt Roll gespillt.
An der Nuecht op e Mëttwoch start d'NBA an déi nei Saison. Liest hei d'Virschau op déi 79. Saison an der stäerkster Basketliga op der Welt.