Zolwer reagéiert no Gewalt-Virworf: Walfer Coach huet Spiller "aggresséiert"

De Basket Zolwer reagéiert e Mëttwoch an engem Communiqué méi detailléiert op den Tëschefall bei engem U14-Heemspill mat Walfer.
Dobäi koum et jo zu enger Kläpperei tëscht dem Walfer Coach an dem Papp vun engem Spiller vun Zolwer.
En Dënschdeg hat d‘Résidence hire Point de Vue op dës Situatioun public gemaach, e Mëttwoch da schreift Zolwer, datt de Coach vu Walfer hire Spiller wärend dem Match "aggresséiert" hätt. Wéinst posttraumateschen Nowéien ass de Jong och den Ament net capabel, an d‘Schoul ze goen. Et betount een op Säite vun Zolwer, datt esouwuel d‘Behuele vum Walfer Coach wéi och d‘Reaktioun vum Papp vum Spiller net ze toleréiere wier.
En Dënschdeg ass den CA vun der FLBB zesummekomm, eng Reaktioun op dëse Virfall feelt awer den Ament nach.
Och d‘FLBB huet méi spéit e Mëttwoch an engem Schreiwes reagéiert an déi verbal a kierperlech Gewalt beim U14-Match tëscht Walfer an Zolwer op d'Schäerfst verurteelt. Sou ee Behuelen hätt am Basket an am Sport iwwerhaapt keng Plaz.
De Virfall gëtt elo vum Verbandsgeriicht vun der Basket Federatioun traitéiert.